Blog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Blog ass eng Diskussiouns- oder Informatiounssäit um World Wide Web, déi aus kurzen Entréeë besteet, Posts genannt, an déi normalerweis chronologesch ugewise ginn, sou datt een déi rezentst als éischt gesäit. Den Numm Blog ass eng KIerzel vu "Web log" (log ass en ëffentleche Journal). D'Persoun, déi de Blog schreift, gëtt Blogger genannt.
Bis 2009 gouf e Blog meeschtens nëmme vun enger Persoun geschriwwen, zënterhier ginn et awer och Bloggen, un deene vill Auteuren zesummeschaffen.
Et ginn haut Bloggen iwwer all méiglech Themen, wéi zum Beispill Politik, Musek, Filmer, Moud, Pornographie, Reesen oder Gesondheet. Beispiller vu lëtzebuergesche Blogge si Wax Luxembourg an L for Liberty.