Bohème

Vu Wikipedia

Bohème gëtt eng Zort Subkultur oder Liewensstil genannt, déi besonnesch bei Kënschtler (Schrëftsteller, Moler, Dichter, Museker...) verbreet war, an déi doranner bestoung, sech express vun de Konventioune vun der biergerlecher Gesellschaft ofzehiewen, sief et duerch d'Kleedung, d'Behuelen, d'betount 'fräi' Form vum Zesummeliewen, d'Ofleenung vu Räichtum a Statussymboler, asw.

De Begrëff kënnt aus Frankräich, wou mat Bohémien ursprénglech d'Rom gemengt waren, vun deenen ugeholl gouf, se kéimen aus Béimen. Beim Karl Marx war mat der Bohème dat franséischt Lompeproletariat gemengt. Am haitege Sënn gouf den Ausdrock Bohème vum Henri Murger a sengem Scènes de la vie de Bohème (1851) bekannt gemaach an doropshi verbreet. Och an Däitschland gëtt en an där Form gebraucht. Opere vum Giacomo Puccini a vum Ruggero Leoncavallo, an e Lidd vum Charles Aznavour mam Titel La Bohème hunn zousätzlech zu der Populariséierung vum Begrëff bäigedroen.

D'Zentre vum Bohème-Liewe ware meeschtens a Grousstied, a Quartieren, wou vill Kënschtler a Studente gelieft hunn, wéi z. B. de Quartier Latin zu Paräis, Mitte zu Berlin, Schwabing zu München, Greenwich Village zu New York, asw. Et gouf der awer och a ländleche Géigenden, wéi z. B. de Monte Verità zu Ascona.

Uganks vum 21. Joerhonnert gouf den Ausdrock, nodeem en e bëssen an de Vergiess gerode war, am franséischsproochege Raum, besonnesch an der Paräisser Zeen, nees an der Form vum bohémien-bourgeois, kuerz "Bobo" aktualiséiert.

De Begrëff an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Elisabeth Kleemann: Zwischen symbolischer Rebellion und politischer Revolution. Studien zur deutschen Bohème zwischen Kaiserreich und Weimarer Republik (Würzburger Hochschulschriften zur neueren deutschen Literaturgeschichte). Peter Lang Verlag, Frankfurt/M. 1985, ISBN 3-8204-8049-8
  • Helmut Kreuzer: Die Boheme. Analyse und Dokumentation der intellektuellen Subkultur vom 19. Jahrhundert bis zur Gegenwart.Metzler, Stuttgart 1968, Neioplo 2000, ISBN 3-476-01781-8.
  • Anne-Rose Meyer: Jenseits der Norm. Aspekte der Bohèmedarstellung in der französischen und deutschen Literatur. 1830-1910. Edition Aisthesis, Bielefeld 2000, ISBN 3-89528-303-7