Brahmagupta

Vu Wikipedia

De Brahmagupta, gebuer 598 a gestuerwen 668, war en indeschen Mathematiker an Astronom.

Hien huet den astronomeschen Observatoire zu Ujjain geleet an huet an där Funktioun zwou Aarbechten iwwer Mathematik an Astronomie, d'Brahmasphutasiddhanta am Joer 628 an d'Khandakhadyaka am Joer 665 geschriwwen.

D'Brahmasphutasiddhanta ass, wann ee vum Zuelesystem vun de Mayaen ofgesäit, dee fréiste bekannten Text, an deem d'Null als vollwäerteg Zuel behandelt gëtt. Doriwwer eraus stellt de Brahmagupta a sengem Wierk Reegele fir d'Arithmetik mat negativen Zuelen a mat der Zuel 0 op, déi scho gréistendeels eisem moderne Verständnes entspriechen. Dee gréissten Ënnerscheed besteet doran, datt de Brahmagupta och d'Divisioun duerch 0 zougelooss huet, wärend an der moderner Mathematik Quotiente mat dem Divisor 0 net definéiert sinn.