Burger King

Vu Wikipedia
Logo vu Burger King

Burger King ass eng US-amerikanesch Hamburger-Fast Food-Ketten, déi weltwäit aktiv ass. Si huet hire Sëtz am Bundesstaat Florida a gouf 1953 als InstaBurger King mat e puer Restaurante gegrënnt. Wéi dee Betrib 1954 a finanziell Schwieregkeete geroden ass hunn den David Edgerton an den James McLamore, déi d'Restauranten zu Miami dirigéiert hunn, d'Firma opkaaft a se a Burger King ëmbenannt. Iwwer dat nächst halleft Joerhonnert huet se véiermol de Besëtzer gewiesselt an ass 2002 un d'Bourse gaangen. Géint Enn 2010 huet d'brasilianesch Investitiounsfirma 3G Capital fir 3,26 Milliarden US-Dollar d'Majoritéit vun den Aktien iwwerholl an d'Ketten direkt nei strukturéiert. 2014 huet 3G d'Firma Restaurant Brands International gegrënnt, an där Burger King mat der kanadescher Doughnut-Ketten Tim Hortons fusionéiert huet.

De Menu vu Burger King, op deem Ufanks nëmmen Hamburger, Fritten, Erfrëschungsgedrénks a Milkshakë stoungen, ass progressiv erweidert ginn. 1957 ass de "Whopper" derbäikomm, deen zënterhier de bekanntsten Hamburger vu Burger King ass, änlech wéi de Big Mac bei der Konkurrenz McDonald's.

Enn 2016 hat Burger King 15.738 Restauranten an 100 Länner. Dovu waren der 47,5 % an den USA. 99,5 % vun de Restaurante goufe privat als Franchise bedriwwen.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Burger King ass zënter 2011 och zu Lëtzebuerg aktiv. Deen éischte Restaurant ass vun engem däitsche Franchise-Entreprener beim Grenziwwergank zu Waasserbëlleg opgaangen; déi selwecht Firma huet och nach 2014 een op der Aire de Capellen an 2016 op enger Bensinnsstatioun zu Leideleng Burger Kingen opgemaach.[1] Am selwechte Joer krut déi belsch-franséisch Fast-Food-Kette Quick en neie Besëtzer, deen eng Rei vun de Quick-Restauranten zu Lëtzebuerg ënnert der Burger-King-Franchise wëll wieder féieren.[2],[3] Den éischte betraffene Restaurant war de fréiere Quick am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort: Dritter Burger King in Leudelingen eröffnet (7. Oktober 2016)
  2. Lëtzebuerg Journal: Burger King kommt (2. September 2016)
  3. Luxemburger Wort: Quick wird zu Burger King (25. Juli 2016)
  4. Luxemburger Wort: Luxemburg bekommt Burger King in der Innenstadt (25. Abrëll 2017)