Cap d'Antibes

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Mieresgolf an d'Stad Antibes
D'Kapell Notre Dame de la Garoupe um Cap d'Antibes
De Liichttuerem de la Garoupe

Antibes an domat och de Cap d'Antibes profitéieren op der Côte d'Azur vun enger aussergewéinlecher geographescher Lag. Well d'Uertschaft en Ausleefer a Form vun enger Hallefinsel an d'Mëttelmier huet. De Cap d'Antibes huet d'Form vun engem Hiwwel, deen op sengem héchste Punkt vun engem Liichtuerm dominéiert gëtt, dem Phare de la Garoupe. Hie steet an der Mëtt vu Piniebëscher, no bei enger Kappell (Notre Dame de la Garoupe), déi vill Touristen an och Koppelen unzitt, déi sech do bestuede wëllen. Am Laf vum Festival vu Cannes ass déi idyllesch Plaz mat sengem bekannten Hotel staark opgesicht. D'Geschicht vum Cap d'Antibes geet bis an d'Antike zréck.

Juan-les-Pins hat seng Glanzzäit an den zwanzeger Joren, wéi et vill Amerikaner ugezunn huet. Nom Zweete Weltkrich huet déi Glanzzäit en neien Opschwonk kritt, haaptsächlech duerch säin Jazz-Festival, deen 1960 lancéiert gouf. All déi grouss Jazzmuseker, wéi Louis Armstrong, Count Basie, Charles Mingus, Miles Davis, Ella Fitzgerald, Duke Ellington, Sarah Vaughan, Ray Charles, Herbie Hancock, Georges Benson, Keith Jarrett, Al Jarreau, etc. hunn dunn de Wee op Juan-les-Pins fonnt. Dee Festival ass hautdesdaags am Juli.

[änneren] Kuckeswäertes

[änneren] Photoalbum

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen