CDays
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'CDays gi vum Lycée technique d'Ettelbruck organiséiert fir hire Schüler de Computer, an alles wat et do ronderem gëtt, méi no ze bréngen.
Den C am Numm stellt zwou Saachen duer: op der enger Seit steet e fir den C vun Computer op der aner Seit gëllt et awer och als englescht Wuertspill a kënnt vun "to see". Dëst ass och am Logo vun de CDays mat verschafft.
Bei de CDays geet et drëms, datt Schüler selwer an Atelieren an duerch d'praktescht Schaffen an ausprobéieren erliewen, wat alles mat dem Medium Computer kann ugefaange ginn.
E bëssen Historesches [änneren]
D'CDays si fir d'éischt 2003 vum LTEtt organiséiert ginn.
- 2004: Ugefangen huet dat Ganzt als Verkafsfoire vu PC Okkasiouns-Material. Hei sollte bëlleg Computer u Schüler verkaaft ginn, déi sech keen neie leeschte konnten. Verantwortlech heifir war eng 12ième Vente. Den Erfolleg war relativ mëttelméisseg! Déi Kéier huet et nach "PC-Day" geheescht.
- 2005: Bei der zweeter Editioun war och alles op een Dag begrenzt an et ass den Numm "CDay" entstanen. Als Logo sollt en Aan stoen mat enger CD als Iris, fir de Lien mat CDay ze maachen. Eng éischte Kéier goufe Stänn presentéiert, wou Proffen aus dem Département Informatique vum LTEttelbréck de Schüler de Computer aus enger anerer Perspektiv gewisen hunn.
- 2006: D'Joer 2006 war ausschlaggebend fir aus dem CDay d'CDays ze maachen an dat Ganzt op 2 Deeg ze erweideren. Dat war néideg, well 2005 net all Schüler konnten op den CDay kommen, well net genuch Zäit war.
- 2007: D'Neiegkeet 2007 war, datt eng éischte Kéier Leit vu baussen Aktivitéite presentéiert hunn. Esou kruten d'Schüler d'Méiglechkeet ze gesinn, wat dei eenzel Beruffer am Alldag schaffe mussen. Si konnten do eng Aktivitéit novollzéien, déi typesch fir e Beruff ass. Och do war eng éischte Kéier den CRP Henri Tudor an d'Uni Lëtzebuerg present fir den Ingenieursberuff méi no ze bréngen.
D'Raimlechkeete ware scho bal ze kleng well et si bal 1200 Schüler aus 90 Klassen op d'CDays komm.
- 2008 waren d'CDays de 17. an 18. Mäerz.
- 2009 waren se den 30. an 31. Mäerz. Dëst Joer waren och ërem Organisatioune vun ausserhalb bäi de CDays mat dobäi. Ënnert aneren Leit vun der lëtzebuerger Wikipedia, Médie wéi d'Wort oder den DNR, awer och de Chaos Computer Club Lëtzebuerg, de syn2cat Hackerspace oder de Centre de recherche public Henri-Tudor.
E puer Impressiounen [änneren]
2007 goufen et 19 Ateliere vu verschiddene Kategorien. Esou war z. B. en Atelier "Robotix" derbäi, dee vun der Klass 11TG2 geleet gouf. Donieft ass nach den Atelier "Photoshop" (gehale vum Här Weber Magic Moving Pixel), e Solarboot bauen a Solidworks (Klass 12GE1).