Champagne (Wäin)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Champagne ass e Schaumwäin, deen an der Fläsch eng zweet Gärung mattgemaach huet, deen am Glas Bulle mécht an deen eng Partie vu Critèren erfëlle muss:
- wat d'Regioun, wou e produzéiert gëtt,
- wat déi veraarbecht Drauwesorten an
- wat d'Produktiounsmethod ugeet.
Dat heescht, datt en opgrond vun dräi mat der Hand geliesenen Drauwenzorten, Pinot noir, Pinot meunier a Chardonnay, an der Géigend vun der Champagne nom Prinzip vun der Fläschegärung, (Méthode champenoise) produzéiert muss ginn. Den Ausdrock Champagne ass international gesetzlech geschützt an däerf, wann dës Viraussetzungen net erfëllt sinn, och net gebraucht ginn. Neierdengs huet déi Bréisseler Kommissioun och, op Dränge vu Frankräich, de Begrëff Méthode Champenoise fir déi Schampese reservéiert, déi aus der franséischer Champagne kommen.
Zu Lëtzebuerg gouf et laang Mousseux, dee mat dem Ënnertitel « Méthode Champenoise » op de Maart komm ass. No der Interventioun vun de EU-Kommissioun, koum no laangem hin an hir den Numm Crémant zu Lëtzebuerg op. An Däitschland geet Rieds vu Sekt an an Italien vu Spumante.
Fréier gouf de Champagne bei freedege Geleeënheete gedronk. Haut gëtt en als Aperitif oder iwwer Dësch wéi een normaalt Gedrénks zervéiert. Niewent dem Champagne a sengen Derivaten, gëtt et och nach Perlé(Vin perlé op frans.). Dat ass Wäin dee sprëtzeg ass, well him am Faass oder an engem Behälter Kuelesaier bäigemëscht gouf.
Fakrikatiounsprozess [änneren]
Geschicht [änneren]
De Schampes gëtt et schonns zënter e puer Joerhonnerten, allerdéngs war et ugangs eng abenteuerlech Affaire, well vill Fläschen, déi nach net déiselwecht Qualitéiten hate wéi haut, geplatzt sinn. Bekannt war zum Beispill an der Champagne, also tëscht Reims an Épernay, dat de Wäi vun do eng natierlech Tendenz hat, spruddeleg ze sinn. Allgemeng gëtt gesot dat den Dom Pérignon (1640 - 1716), e schampesfeste Pater, ënner anerem wat d'Wessen ëm de Schampes ugeet, als ee vun de grousse Virleefer vum Champagne vun haut war.
Kuckt och [änneren]
- Champagne, Homonymie-Artikel, deen all Begrëffer ofdeckt
- Spumante
- Perlé
- Dom Pérignon
| Commons: Champagne (Wäin) – Biller, Videoen oder Audiodateien |