Cinderella

Vu Wikipedia
Cinderella
Film
Produktiounsland USA
Première 15. Februar 1950
Dauer 74 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Wilfred Jackson
Musek Mack David,
Jerry Livingston
Produzent Walt Disney
Produktiouns-
gesellschaft
The Walt Disney Company
Schauspiller
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Cinderella ass en US-amerikaneschen Animatiounsfilm vu Walt Disney Productions. E baséiert um Charles Perrault sengem Märchen Cendrillon an ass den 12. animéierte Film aus den Disneystudioen. De Wilfred Jackson, den Hamilton Luske an de Clyde Geronimi hunn dobäi Regie gefouert.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Cinderella gëtt vu senger Stéifmamm a sengen zwou Stéifsëschtere kujenéiert a muss fir si als Mod schaffen. Wéi e Kinnek e Bal organiséiert, op deen all jonk Fraen aus sengem Räich invitéiert sinn, fir datt säi Jong sech eng eraussiche kann, gesäit d'Cinderella eng Chance, aus sengem driibsege Liewen erauszekommen...

Produktioun an Accueil[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem Zweete Weltkrich an dem Ewechfale vun de Mäert an Europa waren d'Walt Disney Productions a schlechten Dicher. Filmer wéi Pinocchio (1940), Fantasia (1940) a Bambi (1942) ware keng grouss Succèsen an Amerika, sou datt dem Walt Disney säi Studio 1947 mat iwwer 4 Milliounen Dollar verschëlt an no un der Faillite war.

Cinderella war deen éischten animéierte Laangfim zanter Bambi a koum de 15. Februar 1950 an d'Kinoen. E krut gutt Kriticken a war och e Succès beim Public, sou datt en dem Studio aus de Labränte gehollef huet. E gouf fir dräi Oscaren nominéiert, an zwar fir déi bescht Kompositioun vun engem Museksfilm, de beschten Toun an dat bescht Originallidd ("Bibbidi-Bobbidi-Boo").

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]