Clara Zetkin

Vu Wikipedia
Clara Zetkin
Gebuertsnumm Clara Eißner
Gebuer 5. Juli 1857
Gestuerwen 20. Juni 1933
Nationalitéit Däitschland, Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Sowjetunioun
Aktivitéit Politiker, Journalist, Fraerechtler, Friddensaktivist, Suffragette, Editeur, Enseignant, Schrëftsteller
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

D'Clara Josephine Zetkin, geb. Eißner, de 5. Juli 1857 zu Königshain-Wiederau, Kinnekräich Sachsen, a gestuerwen den 20. Juni 1933 zu Archangelskoje, Oblast Moskau, Sowjetunioun, war eng sozialistesch däitsch Politikerin, Friddensaktivistin a Fraerechtlerin.

Si war bis 1917 an der SPD aktiv an an där Partei eng markant Vertriederin vun der revolutionär-marxistescher Fraktioun. 1917 huet si sech der USPD ugeschloss, déi sech vun der SPD ofgespléckt hat. An der USPD huet si zum lénkse Fligel resp. zu der Spartakusgruppe (1918 ëmbenannt a "Spartakusbund") gehéiert. Duerno war si e markante Member vun der Kommunistescher Partei vun Däitschland (KPD).

Wärend der Weimarer Republik war si vun 1920 bis 1933 fir d'KPD Deputéiert am Reichstag an 1932 Alterspresidentin vum Parlament.

Op internationalem Plang war d'Zetkin als Participante vum Internationalen Aarbechterkongress vun 1889]] zu Paräis, Matgrënnerin vun der Zweeter Internationaler vun der sozialistescher Aarbechterbeweegung. An hirer Aarbecht fir d'Internationale gëllt si als eng vun den Haaptinitiatorinne vum Internationale Fraendag. Als Member vum Zentralkommitee vun der KPD war si vun 1921 bis 1933 och Member am Exekutivkommitee vun der Kommunistescher International (EKKI). Déi lescht Méint vun hirem Liewen huet si am Exil an der Sowjetunioun verbruecht.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Arbeiterinnen- und Frauenfrage der Gegenwart. Verlag der Berliner Volks-Tribüne, Berlin 1889 Digitalisat pdf FES.
  • Der Student und das Weib. Verlag der Sozialistischen Monatshefte, Berlin 1899 Der Student und das Weib. (DjVu-Format, Commons).
  • Zur Frage des Frauenwahlrechts. Bearbeitet nach dem Referat auf der Konferenz sozialistischer Frauen zu Mannheim. Buchhandlung Vorwärts, Berlin 1907 Zur Frage des Frauenwahlrechts. Digitalisat – PDF FES.
  • Das Frauenstimmrecht [Begründung zur Resolution: Das Frauenstimmrecht], in: Internationaler Sozialisten-Kongreß zu Stuttgart 18. bis 24. August 1907. Berlin, 1907. S. 40–48.
  • Karl Marx und sein Lebenswerk. Molkenbuhr, Elberfeld 1913.
  • Rosa Luxemburg und Karl Liebknecht. Rote Fahne, Berlin 1919.
  • Wir klagen an! Ein Beitrag zum Prozess der Sozial-Revolutionäre. Verlag der Kommunistischen Internationale, Hamburg 1922.
  • Im befreiten Kaukasus. Verlag für Literatur und Politik, Wien, Berlin 1926.
  • Erinnerungen an Lenin. Verlag für Literatur und Politik, Wien, Berlin 1929.
  • Hungermai, Blutmai, roter Mai! Carl Hoym, Hamburg, Berlin 1932.
  • Angeklagter Hitler. Protokolle, Augenzeugen- und Tatsachenberichte aus den faschistischen Folterhöllen Deutschlands Clara Zetkin ruft zur Internationale Hilfswoche der IRH (17.–25. Juni 1933). Zürich, Mopr-Verlag 1933.

Gesammelt Wierker, déi posthum publizéiert goufen

  • Ausgewählte Reden und Schriften. 3 Bde. Dietz Verlag, Berlin 1957–1960.
  • Ich will dort kämpfen, wo das Leben ist. Eine Auswahl von Schriften und Reden. Dietz-Verlag, Berlin 1955.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biographien:

  • Tânia Puschnerat: Clara Zetkin. Bürgerlichkeit und Marxismus. Eine Biographie. Klartext-Verlagsgesellschaft, Essen 2003, ISBN 3-89861-200-7.
  • Florence Hervé (Hrsg.): Clara Zetkin oder: Dort kämpfen, wo das Leben ist. Karl Dietz Verlag, Berlin 2007, ISBN 978-3-320-02096-5.
  • Gilbert Badia. Clara Zetkin. Eine neue Biographie. Dietz Verlag, Berlin 1994.
  • Luise Dornemann: Clara Zetkin. Leben und Wirken. Dietz Verlag, Berlin 1957 (9. überarb. Aufl. 1989).

Aufsätz an Artikelen:

  • [Ulla Plener (Hg): Clara Zetkin in ihrer Zeit – neue Fakten, Erkenntnisse, Wertungen. Berlin 2008. – Als pdf online.
  • Gisela Notz: Clara Zetkin und die internationale sozialistische Frauenbewegung. In: Jahrbuch für Forschungen zur Geschichte der Arbeiterbewegung, Heft III/2007.
  • Marta Globig, H. Karl: Zetkin, Clara Josephine geb. Eißner. In: Geschichte der deutschen Arbeiterbewegung. Biographisches Lexikon. Dietz Verlag, Berlin 1970, S. 497–501.
  • Ina Hochreuther: Frauen im Parlament. Südwestdeutsche Abgeordnete seit 1919. Im Auftrag des Landtags herausgegeben von der Landeszentrale für politische Bildung, Theiss-Verlag, Stuttgart 1992, ISBN 3-8062-1012-8.
  • Jens Becker: Zetkin, Clara Josephine geb. Eißner. In: Demokratische Wege. Deutsche Lebensläufe aus fünf Jahrhunderten. Hrsg. von Manfred Asendorf, Rolf von Bokel. J. B. Metzler, Stuttgart, Weimar 1997 ISBN 3-476-01244-1, S. 706–708.
  • Setsu Ito: Clara Zetkin in ihrer Zeit – für eine historisch zutreffende Einschätzung ihrer Frauenemanzipationstheorie. In: Jahrbuch für Forschungen zur Geschichte der Arbeiterbewegung, Heft III/2007.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Clara Zetkin – Biller, Videoen oder Audiodateien