Colectiv

Vu Wikipedia
Colectiv
Film
Produktiounsland Rumänien,
Lëtzebuerg
Première 2019
Dauer 109 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Rumänesch
Ekipp
Regie Alexander Nanau
Dréibuch Alexander Nanau
Fotografie Alexander Nanau
Schnëtt Alexander Nanau
Produzent Alexander Nanau,
Bernard Michaux
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film,
HBO Europe,
Alexander Nanau Production
Schauspiller
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Colectiv (en. Titel: Collective) ass e rumänesch-lëtzebuergeschen Documentaire vum rumänesche Regisseur Alexander Nanau. En hat de 4. September 2019 seng Première um 76. Filmfestival vu Venedeg. A Rumänie koum en den 28. Februar 2020 eraus, an zu Lëtzebuerg gouf en eng éischt Kéier am Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival gewisen, wou en de Präis vum beschten Documentaire krut. E koum am Oktober 2020 an de Kino, a krut dunn och de Publikumspräis um CinEast Festival.

Och op anere Festivaller gouf e mat Präisser ausgezeechent, wéi z. B. dem Europäesche Filmpräis 2020.

Ëm wat geet et am Film[änneren | Quelltext änneren]

Nom Brand am Nightclub Colectiv, den 30. Oktober 2015 zu Bukarest, bei deem 27 jonk Leit ëm d'Liewe koumen, an der 180 blesséiert goufen, recherchéiert eng Ekipp vu Journaliste vun der Zeitung Gazeta Sporturilo iwwer d'Ursaachen, wéi dee Concert iwwerhaapt konnt autoriséiert ginn, well et un elementare Sécherheetsvirkéierunge gefeelt huet. Iwwerdeems se der Korruptioun an der Vertuschung op der Spuer sinn, stierwen an de Wochen a Méint dono op d'mannst 13 weider Leit an de Spideeler, obwuel s'um Wee vun enger Besserung hätte misse sinn. Zu hirem Entsetze fannen d'Journalisten eraus, datt s'u multiresistente Viren oder Bakteerie gestuerwe sinn, well d'Desinfektiounsmëttel, dat masseweis gebraucht gouf, eng vill méi niddreg Dosis vu Wierkstoffer hat, wéi et hätt missen hunn...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film war 2021 fir zwéin Oscaren nominéiert: Beschten Documentaire a beschten net-engleschsproochege Film. E gouf ë. a. och um Lëtzebuerger Filmpräis 2021 mam Präis fir dee beschte Laangfilm a Koproduktioun ausgezeechent.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis." Communiqué op gouvernement.lu, 27.11.2021.