Couleurs Gérard

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Couleurs Gérard
Typ SARL
Grënnungsdatum 1843
Sëtz 15, rue de Grass
8378 Klengbetten
Produit Faarf
Reklamm vun 1968
… a vun 1970

Couleurs Gérard sàrl ass eng lëtzebuergesch Entreprise déi Faarf fabrizéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Couleurs Gérard gouf 1843 zu Ettelbréck vum Usträichermeeschter Johann Gérard gegrënnt. Ënnert sengem Bouf Jakob huet d'Firma vun 1893 un och als Grosist am Raum Tréier an am Loutrengesche geschafft.

1916 ass eng Faarwefabrick vu ronn 4.000 m² zu Ettelbréck opgeriicht ginn, ier se 1923 op Klengbetten verluecht gouf. 1964 ass d'Klengbettener Fabrick vergréissert ginn.

Den 28. Januar 1976 gouf d'Firma als Sàrl gegrënnt[1].

1987 krut Couleurs Gérard den Ëmweltpräis vun der FEDIL fir d'Entwécklung vun engem Lack op Waasserbasis.

Produkter[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel aus der…

Gamm vun 1936:[änneren | Quelltext änneren]

  • Gekalin: Mineralfaarf fir grouss Flächen (Schoulen, Kierchen, …)
  • Titanos: Faarf als Schutz géint de Rascht
  • Aluminiumfaarf fir Heizkierper
  • Emailfaarf fir Heizkierper
  • Emailfaarwen fir bannen a baussen

Gamm vun 1961:[änneren | Quelltext änneren]

  • Peint-Beau: Uelegfaarf fir den Hausgebrauch
  • Cekalor a Gelatex: Latexfaarwe fir de Plaffong, d'Wänn, d'Fassad asw.
  • Secolux: wäisse Lack fir d'Kichen, d'Buedzëmmer, Fënsteren, asw.
  • Seccovite: syntheetesche Lack fir Gaardemiwwelen, Fënsteren, Autoen, asw.
  • Agricolac: Lack fir landwirtschaftlech Maschinnen

Gamm vun 1977[2]:[änneren | Quelltext änneren]

  • Fassadefaarwen:
    • Geradur
    • Geracryl
    • Gelatex
    • Geraplast

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Couleurs Gérard – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Am Handelsregëster ënner der Nummer B13647 agedroen
  2. (de)Publicité 108 Page 27. Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 123 (01.06.1977). Gekuckt de(n) 04.10.2023.
  • Quell wou net anescht uginn: industrie.lu (kuckt: Um Spaweck)