Cyclorama

Vu Wikipedia
Cyclorama
Museksgenre Psychedelic Rock, Shoegaze
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2007
Aktuell Memberen Sebastien Laas (Gittar, Bassgittar, Keyboard, Programmatioun, Gesank)
Pit Reyland (Perkussioun, Batterie, zënter 2009)
Fréier Memberen Yves Stephany (Bassgittar, bis 2014)

Cyclorama ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi 2007 gegrënnt gouf an haaptsächlecht instrumentale Rock mécht.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Sebastien Laas huet Cyclorama 2007 als Soloprojet gegrënnt. Hien huet 2009 eleng den Album This Is Aerial Spacerock, Keep Your Hair On!! produzéiert an opgeholl, deen 2010 erauskoum.[1]

2009 ass de Batteur Pit Reyland derbäikomm, an duerno och de Bassist Yves Stephany. Si hunn zesummen eng Rei Concerte gespillt an och e puer EPen opgeholl, dorënner Soundwave (2011).

Den Yves Stephany huet de Projet 2014 verlooss.[2] D'Joer drop huet Cyclorama um franséische Label Chez Kito Kat den Album Astral Bender erausbruecht. Deen huet eng Längt vun 42 Minutten an ass méi vun der New Wave beaflosst wéi vireg Verëffentlechungen.[2] D'Releaseparty war de 5. Dezember 2015 am Atelier.[3]

2023 hu Cyclorama den Album Kill the Myth erausbruecht, op deem fir d'éischte Kéier och Gesank ze héieren ass. Sänger ass de Sebastien Laas. Dat siwent a lescht Lidd vum Album, Sleep Underneath, huet eng Längt vu méi wéi 20 Minutten. D'Releaseparty war de 6. Mee an de Rotonden.[4]

De Sebastien Laas war oder ass och Gittarist an de Gruppe Fracture (2005-2012) an Daily Vacation (zënter 2012). Hien huet en anere Projet mam Numm Lunar Boy From Salem. Den Yves Stephany war Bassist an de Gruppen John McAsskill a Metro.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: May VII. Live at Mudam (Live-Album, zesumme mat The Tobacco Company)
  • 2010: This Is Aerial Spacerock, Keep Your Hair On!!
  • 2014: Astral Bender
  • 2017: Cyclorama /
  • 2023: Kill the Myth

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: Meeting Planets
  • 2011: Honeymoon (Cyclorama, sug(r)cane & Cinemascope)
  • 2011: Soundwave (Cinemascope & Cyclorama
  • 2015: Zodiac Free (Cinemascope & Cyclorama
  • 2011: Twin Asteroid (Cinemascope & Cyclorama
  • 2011: Neutra
  • 2020: Remixes

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lessentiel.lu: Cyclorama, c'est apaisant et émouvant en même temps (24. Januar 2010)
  2. 2,0 2,1 lequotidien.lu: Le nouvel opus de Sébastien Laas (interview) vum Grégory Cimatti (29. Januar 2015)
  3. canyouhear.fr: Les expérimentations de Cyclorama (27. November 2014)
  4. lequotidien.lu: Cyclorama : «La musique est un moyen de libérer de l’énergie !» vum Valetin Maniglia (5. Mee 2023)