David Dunbar Buick

Vu Wikipedia
David Dunbar Buick
Gebuer 17. September 1854
Gestuerwen 5. Mäerz 1929
Detroit
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Aktivitéit Erfinder, Entreprener, Handwierker, Industriellen

Den David Dunbar Buick, gebuer de 17. September 1854 zu Arbroath, Angus, Schottland a gestuerwen de 5. Mäerz 1929 zu Detroit, war en schottesch-amerikaneschen Ingenieur an Industriellen.

De villsäitegen Erfinder David Dunbar Buick huet e groussen Deel zur Weiderentwécklung vum Automobil zu engem usprochsvolle Gebrauchs- a Sportsgefir bäigedroen. Hien huet 1903 Buick Motor Car Company gegrënnt, déi spéider an der Firma General Motors Corporation opgaangen ass.

Dem David Dunbar Buick ass et gelongen eng Prozedur z'entwéckelen déi et erlaabt Metaller mat Parzeläin z'iwwerzéien a sou viru Korrosioun ze schützen.