Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Demeter-Bond Lëtzebuerg)

De Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft, och nach Demeter-Bond Lëtzebuerg genannt, ass eng vun deenen zwou Organisatiounen zu Lëtzebuerg, déi sech mat der biologescher Landwirtschaft befaassen. De Veräi gouf den 12. Mäerz 1988 gegrënnt[1].

De Veräi regruppéiert Baueren, Gäertner, Veraarbechter an Händler, déi net nëmmen d'EU-Bio-Mindestnormen[2] a Folgeveruerdnungen erfëllen, mä no deenen nach méi strengen Demeter-Richtlinnen schaffen.

De Veräin organiséiert Treffe vu Produzenten, Konferenzen a Séminairen.

De Veräin ass Member zu Lëtzebuerg vun der Natur- an Ëmweltschutzvereenegung Natura a vun etika, international bei IFOAM, Demeter International e. V. (1997) an IDBA[3] (2007).

Zesumme mat der Vereenegung fir biologesche Landbau Lëtzebuerg asbl gëtt den Demeter-Bond d'Zäitschrëft Agrikultur[4] eraus.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Statuten am Mémorial C N°1146: 54962-54965 vum 4.11.2005, wou de Veräi follgenden Numm dréit: "VERÄIN FIR BIOLOGESCH-DYNAMESCH LANDWIRTSCHAFT, A.s.b.l., DEMETER-BOND LËTZEBUERG". D'Grënnungsstatuten fënnt een am Mémorial C N°159 vum 10. Juni 1988.
  2. Cf. EU-VO 2092/91 Ökologischer Landbau
  3. IBDA = International Biodynamic Association = Internationale Veräi fir biologisch-dynamesch Landwirtschaft
  4. Agrikultur - Magazin für ökologische Agrar- & Esskultur in Luxemburg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]