Devon (Geologie)
D'Period Devon ass déi véiert Period aus dem Äerdaltertum. No hir kënnt d'Period Karbon. Virun hir war d'Period Silur.
Si ass an dräi Epochen agedeelt: ënneschten, mëttelsten an ieweschten Devon an huet virun ongeféier 416,0 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 359,2 Millioune Joer gedauert.
Glidderung
[änneren | Quelltext änneren]Karbon
ieweschten Devon: Famennium
Frasnium
mëttleren Devon: Givetium
Eifelium
ënneschten Devon: Emsium
Pragium
Lochkovium
Silur
Devonescht Gestengs zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Gestengs aus dem Éislek staamt aus dem ënneschten Devon (Stufe Pragium (fréier Siegenium genannt) a Emsium). Et handelt sech ëm Schifer a Quarziter.
Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit
[änneren | Quelltext änneren]Déi eelst Insekten sinn entstanen, d'Urahne sinn Kriibsen déi am Waasser liewen. D'Amphibien hu sech aus de Fësch entwéckelt als véierbeeneg Wierbeldéieren u Land komm sinn. Nom zweete grousse Massestierwe si vill Aarten erëm verschwonnen. Déi éischt Somplanze sinn entstanen.
- Urlandplanz (Rhynia)
- Urfar (Archaeopteris)
- Urlurchen (Ichthyostega, Acanthostega)
- Panzerfësch (Drepanaspis)
- Skorpioun
Paleogeographie
[änneren | Quelltext änneren]An der Period vum Devon gouf et zwee Urkontinenter, de Gondwana an de Laurasia.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Franke, Christian (Hrsg.), 2006. Beiträge zur Paläontologie des Unterdevons Luxemburgs (1). Ferrantia 46. ISSN: 1682-5519.
- Lucius, M., 1948. L'Orogenèse de l'Ardenne. Bull. Soc. Nat. luxemb. 53: 10-15.
- Lucius, M., 1951. La notion de pénéplaine et le modelé du terrain de l'Ardenne luxembourgeoise (Oesling). Bull. Soc. Nat. luxemb. 55: 279-308.
- Lucius, M., 1955. Les traits fondamentaux de l'allure tectonique du Dévonien de l'Oesling. Bull. Soc. Nat. luxemb. 59: 17-50.
- Probst, Ernst, 1986. Deutschland in der Urzeit, C. Bertelsmann, München. ISBN 3-570-1066-X.
- Rothe, Peter, 2003. Quastenflosser und Nacktpflanzen: Das Devon. Biologie in unserer Zeit 33(2): 107-115. ISSN 0045-205X.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Devonian – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) UC Berkeley site introduces the Devonian.
- (en) 'Devonian Times;' life and ecology.
- (de)[ https://web.archive.org/web/20070221012531/http://www.erdgeschichte.de.vu/ Periode vum Äerdaltertum].
- (fr) Lëtzebuerger Portal fir Äerdwëssenschaften