Diplomatik

Vu Wikipedia

Diplomatik, aus dem griicheschen δίπλωμα diplôma, ass d'Studéiere vu schrëftlechen Dokumenter. Op Däitsch schwätzt ee vun Urkundenlehre.

Si beschäftegt sech mat der Andeelung, dem Wäert, dem Alter an der Authentizitéit vun historesche Schrëftstécker. Wéi z. B. d'Paleographie zielt d'Diplomatik zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht.

Den Urspronk vun der Diplomatik geet bis an d'15. Joerhonnert zeréck, wou ëmmer méi dacks un der Authentizitéit vun Dokumenter gezweifelt gouf, an déi dofir méi genee ënnersicht goufen. Als Äntwert op d'Kritik vum Jesuitt Daniel Van Papenbroeck schreift de Benediktiner Jean Mabillon säi Wierk De re diplomatica (1681), wat nach bis haut als Urspronk vun der Diplomatik gëllt. Am Mëttelalter war et quasi normal, Dokumenter ze fälschen, meeschtens aus territoriale Grënn.