Diskussioun:Aldo Bolzan

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Abee dann. Formidabel Fotoen!! --Cornischong 15:10, 18 August 2006 (UTC)

Hu mer Kritären op der Wikipedia wéi e Palmarès vun engem Coureur soll sin

soll oder kann een do d'ganz Carrière drasetzen oder ass daat zevill ? Déi Fro stellen ech elo éi ech ufänke mer Aarbecht ze maachen Les Meloures 11:40, 23 August 2006 (UTC)

Et ass bis elo näischt festgeluegt. Am beschten wier awer eng eenheetlech Duerstellung bei alle Vëlosporler fir sech besser erëmzefannen.

Ech hat geduecht dat een et iwwerall wéi beim Fränk Schleck kéint maachen.

  • Zortéiert no de Plazen an der Course poo Joer (déi bëschte Plazen fir)
    • bei Etappecourden d'Top-10-Plazen an Etaapen a chronologescher Réiefolg ënnert d'Course

Et si schon eng ganz Rei Palmarèsën no deem Scheema opgestallt, mä et kann ee jo nach driwwer schwäzen wann et aner Virschléi ginn.

Ech froe mech effektiv op et en Zweck huet fir déi Coursen dranzeschreiwen wou de Courreur 17. an iergend enger Course rondrëmm de Kierchtuerm ginn ass, a wou héchstwahrscheinlech nie en Artikel iwwert d'Course selwer geschriwwe gëtt.

--Fliedermaus 12:04, 23 August 2006 (UTC)

Merci fier d'Äntwert ech wollt nämlech dem Bolzan sei Palmarès vun Ufank un dra setzen mee mech och do op di dräi éischt Plaaze beschränken ech mengen daat giew vëllechen duer goen fir d'Coursen hi am Land fir déi Zäit wou en nach nit Profi war. Do hun ech dann nach d'Fro op een daat och soll no de Categorien Debutant, Junior an sou weider deelen, waat jo och méi oder wéiniger de Joere no kënnt. Wanns de mengst daat wir gudd da setzen ech se mol dran an du kannst jo da vläicht sou wéis du denkst sënneren. Les Meloures 12:15, 23 August 2006 (UTC)

Wa mer nëmmen déi 3 éischte Plazen drasetzen, da kréie mer awer e "komescht" Bild vun de Leeschtungen. Da si vill Coureure keen Tour de France matgefuer, a bei anere géif ee mengen "Wann dee matgefuer ass, waren ëmmer ënner den dräi Éischten". Natierlech verstinn ech och, datt net all "Grand Prix ronderëm de Käschtebam" ernimmt gëtt. --Cornischong 12:26, 23 August 2006 (UTC)

Menger Meenung wier et awer gutt fir och an de Jugendcategorien vu Joer zu Joer ze fueren an dann d'Categorie als Orientatioun hannert d'Joer a Klameren ze sëtzen.

Wann een am Palmarès Saachen stoen huet wéi "7. an enger Course zu Arel" weess kaum een ëppes domat unzefänken. --Fliedermaus 12:52, 23 August 2006 (UTC)

Ok ech gesinn mer sinn zimmlech op enger Wellelängt ech setzen mol dran wat ech hun an duerno kann e jo kucken waat soll eraus fléien. Wa kee geséit wat et ass kann ee sech jo och schlecht ee Bild maachen Les Meloures 14:18, 23 August 2006 (UTC)