Diskussioun:Hávamál
Zur Erklärung fir dësen Passage vun der Havamal (#140)
"Runen a Gedanken, hu se keimend geléiert:"
Um Bam houng de Odin, an huet just iwwert d'Runen nogeduecht (Runen a Gedanken - Runen in Gedanken), a well en awer nawell eng zolid Peng muss gehat hunn, well en sech selwer mam Speer verwond hat an 9 Deeg um Yggdrasil houng huet en dobäi gekeimt. (hu se keimend geléiert - lernte sie seufzend). Déi Lëtzebuergesch Iwwersetzung orientéiert sech un der Simrock Iwwersetzung aus dem Joer 1851.
- Merci fir d'Explikatioun! Wier et dann net besser ze soen: "Hunn a Gedanken / an ënner Keime Rune geléiert"? Oder geet dat ze wäit vum Original ewech (oder ass do eng bestëmmt Metrik, déi agehale muss ginn?)
- Ausserdeem wier et vläit gutt, wann déi Iwwersetzung eng Quell huet, dës am Artikel unzeginn. --Zinneke (Diskussioun) 14:08, 9. Abr. 2015 (UTC)