Diskussioun:Hospice Saint-Jean

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Maria Magdalena? Vinzenz vu Paul?[Quelltext änneren]

Moien, "...Déi eng stellt den Hellege Vinzenz vu Paul duer an déi aner d'Helleg Maria Magdalena".

D'Maria Magdalena als Kinnigin (?) mam Jesuskand um Aarm? Si mir do sécher? Eng Relatioun haten déi zwee jo awer éischter eng 30 Joer méi spéit...

An de Vinzenz vu Paul gläicht sech awer och guer net. Dat war jo méi en Intelektuelle wéi ee Schofshiert. Sollt dat net éischter den Dafjang sinn? --Jwh (Diskussioun) 08:04, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Anscheinend behaapt de Raymond Schaus dat an Die Warte, 14/2292, vum 29. Abrëll 2010, S.5 Déi Referenzen sinn awer iergendwéi eng Kéier ënnerwee veluer gaangen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:05, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, gutt gesinn. Dat do sinn eendeiteg d'Maria mam Jesuskand an de Jang den Deefer (Hospice St Jean!). Maria Magdalena a Vincent de Paul hunn zwar allen zwéin eppes mat 'Aarmen' oder ' Verstoussenen' ze dinn, sou dass do eng Relatioun mat engem Hospiz kéinnt gemaach ginn. Vläit goufen se spéider och vun iergend enger Säit als Patréiner mat bäigeholl. Mee déi zwéin sinn éischter 'exotesch' Helleger, keng 'dichteg', déi iwwer en Aganksportal kéimen. An dann gëtt de Vinz bei deene Biller déi ech fonnt hunn, ëmmer a sengem Ornat duergestalt, a vun der Maria Muedeléin ginn et esougutt wéi keng Statuen (d'Kierch huet sech wuel net getraut, se wéinst hirer Vergaangenheet zevill ze 'hypen'). Anerersäits ass de Jang den Deefer (mam Lämmchen) an d'Muttergottes mat Kinniginnenattributen onverkennbar... --Zinneke (Diskussioun) 10:46, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Do sinn ech, als gleewegen Atheist jo lo awer berouegt ;-) Vläit stoungen déi Statue jo fréier do, an den Artikel vum Raymond Schaus gouf falsch interpretéiert. Zu Jonglënster hu se iwwregens eng Statu vun der Ex-Sënnerin, ma ech méngen ech hätt der nach. --Jwh (Diskussioun) 19:07, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Intressant! Lo bräicht et just nach en Artikel dozou ;-) --Z.
Datt d'Statue solle geännert hunn ass onwahrscheinlech. Den Artikel an der Warte war am Abrëll 2010, mir hu Fotoen op Commons vun 2008 a vun 2011 an et sinn déi selwecht Statuen.--MMFE (Diskussioun) 20:56, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech kucken emol fir un deen Artikel ze kommen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:16, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Mojen, ech hu Kontakt mam Lex Languini opgeholl an hei seng Äntwert: "Déi 2 Statue stellen d’Maria an de Gehanes (Johannes den Deefer) duer. Et sin allebéid Kopien, well vun den Originalfiguren näischt mé do war." MbG --Christian Ries (Diskussioun) 06:37, 14. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn eng Fro wien ass den Här Lex Languini? --Soued031 (Diskussioun) 18:11, 14. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Den Här Alex Langini. --Zinneke (Diskussioun) 19:42, 14. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Ref gebrach[Quelltext änneren]

Des Referenz déi hannert dem § iwwert d'Wope stoung, huet e gebrachene Link: www.dr-bernhard-peter.de/Heraldik/Galerien2/galerie1329.htm Christian Ries (Diskussioun) 07:41, 31. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]

Hunn de Link am Artikel gefléckt an hei entlinkt --Les Meloures (Diskussioun) 10:07, 31. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]