Diskussioun:Lëscht vun de Kierfechter zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Op wat soll d'Prioritéit beim Sënnere gesat ginn, op d'Gemeng oder op d'Uertschaft. --Les Meloures (Diskussioun) 14:11, 10. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Dat schéngt mer eng interessant Lëscht ze ginn. Wa se lues a lues wiisst, sollt se net vläicht vu vir eran esou opgebaut gi wéi d' Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg? Alphabeetesch zortéiert no der Gemeng, dann no der Uertschaft?
Ass de Lemma vun den eenzele Kierfechter glécklech gewielt: eng Kéier Biwelser Kierfecht, Bouneweger Kierfecht an dann awer Kierfecht um Sichenhaff, Kierfecht am Rollengergronn… D'Kierchen am Land si gemenkerhand lemmatiséiert als „Kierch Eppelduerf“, „Kierch Iermsdref“… also „Kierch + Uertschaft“. Wär et net och gutt fir d'selwecht mat de Kierfechter ëmzegoen?
Just eng Propose… GilPe (Diskussioun) 18:49, 10. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]
Eppes zu de Kierchenartikelen: Déi Lemmata wéi se lo bestinn war eng Erfindung aus den Ufanksjoren wéi bei ons nach kee richteg wousst wéi d'Sënnere géif funktionéieren. Ech hat kuerz duerno d'Bemierkung gemaach datt déi däitsch Benennung net sou richteg op ons Sprooch passt an datt ee soll éischter Kierch vu Beetebourg soen amplaz Kierch Beetebuerg, schonn aleng fir datt een net soll mengen d'Kierch géif Beetebuerg heeschen, (cf. wéi an der fr. Wiki Église de ....) Dat ass awer leider net gemaach ginn.
Bei den Nimm vun de Kierfechter (bei Kierche wier et d'selwecht) do ass et sou datt verschiddener sech net gutt adjektivéiere loossen an datt een da muss op d'Ëmschreiwung Kierfecht zu ... Kierfecht um... oder Kierfecht op ... zréckgräifen.
Ech froe mech och op et sech fir all Uertschaft rentéiert e Kierfechtsartikel unzeleeën (an duerfir deementstpriechend ze verlinken) , besonnesch da wann net vill oder näischt besonnesches ze soen ass, an deen Deel einfach am Kierchenartikel mat abauen an an der Lëscht en iwwer de Kierchenartikel redirigéieren. E mistt allerdéng fir datt dat gutt klappt am Kierchenartikel eng Kapiteliwwrschrëft kréien. Eegen Artikele sollte menger Meenung no just déi hunn wou och en Artikel sech rentéiert, wéinst notabele Leit déi do begruewe leien an/oder besonnesch Grafmonumenter oder soss eppes Remarkables wat do geschitt ass.
Soss fannen ech d'Initiativ awer ganz gutt, an ech wäert mat hëllefen d'Lëscht opzefëllen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:27, 11. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg, pour info: et sinn eng Partie Biologen am Gaangen, eng Rei invasiv gebittsfriem Planzenaarten +- systematesch op Kierfechter ze sichen. Cf. den iNaturalist-Projet https://www.inaturalist.org/projects/euphorbia-maculata-l-an-aner-kierfechtskraider. An deem Kontext iwwerhuelen ech déi an der Stad Lëtzebuerg, an an de Gemenge Veianen a Pëtschent. Du war ech zimmlech erstaunt, datt keng Lëscht vun de Kierfechter vum Land existéiert, weder op der Wiki nach um Internet. Souvill firwat ech déi Lëscht ugeluecht hunn.

Ech géing et net gutt fannen, fir d'Kierfechter mat Kierchen ze verbannen, well et eng ganz Rei Kierfechter ginn, déi näischt mat enger Kierch ze dinn hunn (z.B. Zaldotekierfechter) oder net mol bei enger Kierch leien. Et ginn och Uertschaften mat méi Kierchen a méi Kierfechter ... dat gëtt komplizéiert. Ech mengen anerersäits och, datt net onbedéngt all Kierfecht muss en Artikel hunn. Ech mengen awer, datt dës Lëscht, wa se da mol komplett ass, fir verschidden Acteuren nëtzlech wäert sinn. Z.B. schätzen ech, datt an noer Zukunft e puer Botaniker wäerten eng Etüd iwwert d'spontan Vegetatioun vun de Kierfechter zu LU wäerte maachen (cf. Remacle, A., 2020. Inventaire de la flore des cimetières de la Lorraine belge. Dumortiera 116/2020 : 3-25. DOI:10.5281/ZENODO.4024101)

--Christian Ries (Diskussioun) 10:33, 12. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]

Merci fir deng Info.
Du sees:Ech géing et net gutt fannen, fir d'Kierfechter mat Kierchen ze verbannen, well et eng ganz Rei Kierfechter ginn, déi näischt mat enger Kierch ze dinn hunn.
Domat hues de honnertprozenteg Recht, awer mer hu Beispiller wéi zu Sandweiler oder anerer wou de Kierfecht ëm d'Kierch leit an deelweis am Kierchenartikel beschriwwen ass a wou et soss net vill ze soe gëtt, wou een déi Linke ka setzen bis eventuell eng Kéier een e groussen Artikel iwwer de Kierfecht mécht. Mer sollten och net aus den Ae verléieren dat den Zweck vu sou Artikelen, d'Beschreiwung vum Kierfecht mat de primären Elementer d.h. de Monumenter an de Persounen déi do begruewe leien, souwéi Fläch, Architekt etc. muss zesummenhänken an net mat der Vegetatioun (egal wéi spontan se ass) . Et gëtt och nach Artikelen déi nach mussen ausgebaut ginn, z.B. den däitschen Zaldotekierfecht wou méi iwwer den alen Housener steet wéi iwwer de Sandweiler selwer. Mer stinn eeben iwwerall nach e bëssen an de Kannerschong. --Les Meloures (Diskussioun) 11:03, 12. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]
Jo natierlech, et kann een déi Kierfechter, déi ëm eng Kierch leien an deelweis am Kierchenartikel beschriwwe sinn, op dat Ënnerkapitel verlinken amplaz en neien Artikel ze maachen. --Christian Ries (Diskussioun) 11:57, 12. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]
Moien,
Merci fir d'Erklärungen zu de Lemmata vun de Kierchen… ech hat d'Bemierkung just gemaach, well et ebe schwiereg bis onméiglech ass verschidden Uertschaften ze adjektivéiere. Soss ganz d'accord mat der Approiche. GilPe (Diskussioun) 15:56, 13. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]
Moien,
Sollten net vläit "Bemierkungen" a Fotoen an zwou verschidde Kolonne getesselt ginn?
--Zinneke (Diskussioun) 12:21, 17. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]

Vläicht eng Hëllef…[Quelltext änneren]

Vläicht kann déi hei Internetsäit beim Vervollstännege vun der Lëscht hëllefen: www.findagrave.com/ Do sinn emol 168 Kierfechter zu Lëtzebuerg bekannt. GilPe (Diskussioun) 21:07, 31. Okt. 2021 (UTC)[äntweren]

Vläicht och nëtzlech[Quelltext änneren]

@Christian Ries: Wier et dann net och nëtzlech eng Lëscht mat deene Kierfechtsplanzen oder -kraider unzeleeën? --Les Meloures (Diskussioun) 11:16, 1. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

Jiddesche Kierfecht vun Esch[Quelltext änneren]

Gudden Owend,

De Jiddesche Kierfecht vun Esch als als separate Kierfecht an der Lëscht opgezielt, dobäi handelt et sech just ëm en Deel vum Lallenger Kierfecht ; sollt deen net aus der Lëscht erausgeholl ginn? Soss misst jo den änleche Fall Muslimesche Kierfecht vun Esch och derbäi kommen… GilPe (Diskussioun) 17:56, 5. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hat dat dohi gesat, well dee Kierfecht a menger Erënnerung nieft deem vu Lalleng läit (mat separater Entrée). Well s du, de Fotoen no, kierzlech do waars, an s de dat als eng Sektioun vum Lallenger Kierfecht identifizéiert hues, ass denger Feststellung méi Rechnung ze droe wéi meger (vager) Erënnerung. Dofir hunn ech kee Probleem domat, dat als separate Kierfecht erauszehuelen. Mee et wier vläicht derwäert, eppes méi driwwer erauszefannen, a wéiwäit déi als separat oder net ugesi ginn.--Zinneke (Diskussioun) 15:13, 14. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

Fréieren amerikaneschen Zaldotekierfecht[Quelltext änneren]

War dat wierklech e sonnere Kierfecht oder waren s'um Walfer Kierfecht begruewe ginn? Der Plack no schéngt et sou ze sinn datt datt s'um Walfer Kierfecht louchen an datt et kee spezielle Kierfecht fir d'Amerikaner gouf. (They were buried in this cemetery) steet op der Plack. --Les Meloures (Diskussioun) 10:52, 14. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

'n Owend,
Jo, effektiv schéngen et amerikanesch Griewer um "normale" Walfer Kierfecht gewiescht ze sinn… Ech hat do ze séier "geschoss". Ech huelen de Walfer Zaldotekierfecht an der Lëscht nees ewech. GilPe (Diskussioun) 21:05, 14. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]