Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Presentatioun vum Artikel[Quelltext änneren]

Aplaz all drëtt (oder war et all 2,5t) Wuert fett ze drécken, géif ech virschloen, en abc-index dranzesetzen. Wat mengs de? --Otets 09:13, 25 Januar 2006 (UTC)

Ech hunn net all x. Wuert fett gedréckt, mee mol ugefaangen (!), déi Wierder, op déi et ukënnt (!) däitlech ze maachen. Datt do en Index fälleg ass, as natierlech kloer. Mee déi Fett musse bleiwen, soss fënnt ee se net erëm. An: Mer mussen dovun ausgoen, datt der nach vill (!!) nogedrëppst kommen. An: No an no musse mer kucke fir eng kuerz Erklärung hannendrun ze setzen, soss fanne mer ëmmer méi "egal wat" ouni Kapp a Schwanz. Elo sinn der schonns dran, déi ech emol gär erklärt hätt vun den Erasteller. --Cornischong 12:01, 25 Januar 2006 (UTC)

Ech hunn elo mol en Index dragesat. Dat mam fett drécke fannen ech trotzdeem keng esou eng gutt Iddi, well soss e Redirect gemaach misst ginn (esou seet et eis Stil-Konventioun). Wa schonn, da vläicht Italique? --Otets 13:09, 25 Januar 2006 (UTC)

Ech haassen d'Kursivschrëft (Domat gëtt de Géigendeel erreecht). Wat hu mer dann nach op Reserve fir e Wuert an d'Vitrine ze stellen? Ënnersträichen? --Cornischong 13:17, 25 Januar 2006 (UTC)

4/7 Buschstawen a firwat?[Quelltext änneren]

"Sech op seng siwe Buschstawe sëtzen": Siwe Buschstawen??? --Cornischong 23:02, 22 August 2005 (UTC)

"Sech op seng 4 Buschstawe sëtzen" ass et richteg. --212.190.206.168 12:09, 25 Januar 2006 (UTC)

Wat soll dat da bedeite mat de 4 Buschstawen?? Op seng "Nues"?? --Cornischong 12:28, 25 Januar 2006 (UTC)

Majo, sech op säin A... sëtzen ;-) Myriam 13:25, 25 Januar 2006 (UTC)
Wann den "Aarsch" sollt gemengt sinn, dann zielen ech 6 Buschtawen! Lo ginn ech schonns dronke vun deem Gedeessems! --Cornischong 13:30, 25 Januar 2006 (UTC)
Ech weess, mee d'Riedensaart ass awer esou. Ech mengen eng logesch Erklärung dofir ze fannen ass onnëtz (vgl. déi zwou aarmer Staden) Myriam 13:44, 25 Januar 2006 (UTC)
Virun der Artifizialisatioun vun eiser Sprooch huet daat op heichletzebuergesch ASCH geheescht. Daat mat deenen 6 Buchstawen ass wuel eischter Minettsdialekt. Ma de Sproch bezitt sech no net op d'letzebuerger Ortographie. Freier hun d'Leit nun emol esou gesoot: Setz dech op deng 4 Buchstawen. --212.190.206.168 13:51, 25 Januar 2006 (UTC)
"Virun der Artifizialisatioun vun eiser Sprooch huet daat op heichletzebuergesch ASCH geheescht.": Wéini soll dat gewiescht sinn?? A wou steet dat geschriwwen?? Mär ginn hei net op Héieresoen!!! Am "Luxemburger Wörterbuch" (am Fascicule) vun 1950 (!!!) steet et mat "AASCH" An dat si 5 Buschtawen! A fir de Rescht hätte mer villäicht awer besser, mer halen eis un déi "offiziell" SCHREIFweis. "heichletzebuergesch": Wat ass dat dann??? --Cornischong 14:34, 25 Januar 2006 (UTC)

Do wou ech hierkomme souzen se bis elo och nach ëmmer op hiren 7 Buschtawen an hunn dra gekuckt wéi 7 Deeg Reen, mengt de Jong deen 7 Sprooche schwätzt ;-) Kaffi 14:46, 25 Januar 2006 (UTC)

Blo / Rout[Quelltext änneren]

"Léiwer blo wéi net méi do" an "Léiwer rout wéi dout" gehéiert dat hei hinn? Myriam 20:41, 25 Januar 2006 (UTC)

Do hunn ech Zweifelen. Ech gesinn do kee "Sënn" dran.

"Léiwer gro wéi donkelblo", "Léiwer giel wéi an der Hiel", "Léiwer eng Rutt wéi eng op den Hutt", "Léiwer rout Hoer wéi ze moer", "Léiwer eng Héngerbritt wéi eng Fritt" .... léiwer reimen ewéi keimen --Cornischong 20:58, 25 Januar 2006 (UTC) reimt de --Cornischong 20:58, 25 Januar 2006 (UTC), dee gläich net méi serieux geholl gëtt

LOL, déi war gutt. Nee ech loossen dat (richteg?) da mol léiwer bleiwen, hunn ech mer scho bal geduecht. Myriam 22:06, 25 Januar 2006 (UTC)

Ech géif nach gäre "Brenne wéi d'Zitz" derbäi setzen, mee ech weess éischtens net richteg wéi dat geschriwwe gëtt, nach wat eigentlech "Zitz" (wann et dann esou geschriwwe géif ginn) heescht. Huet ee vun iech eng Ahnung? Myriam 21:32, 27 Januar 2006 (UTC)

Mir ass eppes opgefall wat villäicht deen een oder anere spéider verletzte kënnt, ech si nëtt jiddesch, mä hu jiddesch Bekannten Fluchen wéi ë roude Judd, ass ziemlech péjorativ a kennt menger Meenung no nach aus der Nazi-Zäit. Ech ka mech nach ërenneren, datt mir als Kanner gesongen hunn, ouns ons deemols eppes dobäi ze dénken, mir hunn ëtt einfach nogesongen: een zwee dréi t'ass ë Judd kapott. Ech wir frou wann een dat ännere géing. Ech si mer elo nëtt méi sécher, mee existéiert do nëtt ën anere Sprooch: Fluchen éwéi ë Biichtebënner? --Ladyrosa 20:06, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Du hues absolut Recht. Dat ass net eleng "pejorativ"!! Ass eraus. --Cornischong 20:14, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Sënn vun dëser an der "Sprachwieder"-Lëscht[Quelltext änneren]

Ech hu ganz éierlech elo net de Sënn vun dëser Lëscht gesinn, well d'Halschent vun de Spréchwierder sinn net lëtzebuergesch. Déi fënnt ee genausou am Däitschen, an deelweis och nach an anere Sproochen. Dofir mol dringend iwwerschaffe w.e.g.

An déi "Net-Artikelen" vun zwee Sätz wéi zum Beispill Déi Wëll, déi lafen am Bësch fannen ech einfach nëmme grugeleg.

Also entweder gescheit iwwerschaffen, oder ech iwwerhuelen dat. A jiddferee kennt mäin Torschong.

--Briséisβρισεισ 17:01, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hunn eng beruffsméisseg net grad langweileg Woch hannert mer, dofir hunn ech vläicht en Deel vun der Diskussioun op deenen eenzelne Usersäite verpasst, mee a wéi engem Sënn solle mer dës Lëscht iwwerschaffen? All d'Riedensaarten déi et zwar op Lëtzebuergesch mee och an anere Sprooche gëtt einfach eraussträichen oder iwwerall eng kleng Definitioun a Klameren hannendruschreiwen? --Otets 23:16, 24 Mäerz 2006 (UTC)

Ëmmer méi Brach[Quelltext änneren]

Dat ass eng richteg flott Lëscht, gell dir, do kann een alles drakatzen: Falsch verstane lëtz. Riedensaarten, däitscht Getriwwels, et ass anscheinend och egal wéi een dat schreift, de Loschtgewënn ass deeselwechten. --Cornischong 18:52, 8 Januar 2007 (UTC)