Diskussioun:Landschaft (Geographie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Wier et net besser déi Beschreiwung vun de lëtzebuergesche Landschaften an de respektiven Artikelen wéi z.B. Éislek oder Guttland ënnerdaach ze bréngen. Dat hätt den Avantage datt déi Artikele komplettéiert ginn. En allgemengen Artikel Landschaft soll sech net an Detailer iwwer déi kleng lëtzebuergesch Landschafte verléieren. Mer si jo net den Nuebel vun der Welt, an et wier besser an e puer kuerze Sätz grouss Landschaften an an esou engem Artikel ze ernimmen, wéi d'Taiga oder d'Puszta, déi dann ausféierlech an engem eegenen Artikel beschriwwe ginn.

Mat de lëtzebuergesche Beschreiwungen an dësem Artikel maache mer just en duebelen Emploi.

Les Meloures 14:46, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

D'accord mam Les Meloures. Do gëtt et och den Artikel Geographie vu Lëtzebuerg, wou och zum Deel dës Inhalter behandelt kéinnte ginn. Mee Merci emol un d'Mme Rasquin fir hir Beiträg, getässelt kréie mer dat schonns iergenndwéis. --Zinneke 09:47, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Kann et net sinn dass Mme Rasquin, oder d'Wiener Uni wou si studéiert, eppes anescht ënnert dem Begrëff Landschaft versteet wéi dat wat mir "Laien" drënner verstinn? Ech hunn d'Gefill wéi wann et do kleng (oder vläicht esouguer méi grouss) Ënnerscheeder ginn. -- Pecalux 10:03, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Sécher, si gebraucht "Landschaft" hei als Fachbefrëff, an net a senger vernaculairer Bedeitung. Trotzdeem sollt tëscht engem "allgemengen Artikel", deen déi grouss Landschaftsforme skizzéiert oder op d'manst ernimmt, an engem iwwer "Landschaften zu Lëtzebuerg" ënnerscheed ginn. Woubäi dann ze kucke wier, wéi dat mat deenen Artikelen, déi et schonn zu Deeler dervu gëtt (Minett, Éislek, asw,) an Aklang ze brénge wier.
Moien,
well déi landschaftlech Objeten enger stänneger Notzung ënnerleeë sinn
Wat ass domat gemengt. Ech fannen Notzung a kengem vun den lëtzebuergeschen Dictionnairen.
Les Meloures 06:41, 20. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Vun Norden no Süden gëtt d'Guttland duerch d'Uelzecht duerchzunn.
Geet mäi Kompass falsch?
Les Meloures 07:22, 20. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]