Diskussioun:Monument Émile Mayrisch (Diddeleng)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech leien eventuel falsch, déi Villa ass wuel d'"Direkteschvilla" vun Arbed Diddeleng gewierscht, ech froe mech awer ob de Mayrisch selwer do gewunnt huet. War et "seng" Villa? --Jwh 18:22, 6. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hunn dat emol anescht formuléiert. Wéi et genee war, weess ech nach net.--Fliedermaus 11:52, 7. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien,
souwäit wéi ech weess war dem Mayrisch seng Villa dat Gebai um Kräizbierg wou haut d'Fondation Kräizbierg dran ass. --Les Meloures 13:56, 7. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Richteg, hu lo an "Dudelange, l'usine centenaire" dëst fonnt:
  • 6. Januar 1911: Monsieur Mayrisch expose au Conseil "que son habitation actuelle est devenue inhabitable à cause des trépidations du sol, occasionnées par les machines soufflantes à gaz". Le conseil est d'accord de faire contruire une nouvelle maison (au Kräizbierg) et accepte le devis estimant le terrain de 3 ha pour 30 000 F, la maison pour 110 000 F et les dépendances pour 50 000 F.
Déi delabréiert Villa schéngt mir dann um Terrain vun der Schmelz oder no derbäi gestanen ze hunn, well weider am Buch:
  • 1. Oktober 1921: Le casino des employés est transféré ... à l'ancienne villa transformée de Monsieur Mayrisch, où il se trouve encore actuellement.
Actuellement, dat war 1982, mëttlerweil ass et zu Diddeleng net nëmme mam Casino eriwwer. Dee Casino steet / stoung am Ufank vum Quartier Schmelz, no bei der Kapell. A wéi de Mayrisch dunn op Kolpech geplënnert ass gouf d'Schlass um Kräizbierg:
  • Sa résidence du "Kräizbierg" fut transformée par la Société en "Maison des Enfants" destinée à accueillir les enfants du personnel qui sont menacés de contagion ou dont l'état de santé est déficient.
Säin Nofolger, den Norbert Metz II, ass dunn eventuel an der Direkteschvilla am Brill ënnerkomm.
Deemno hätt de Mayrisch ni an där Direkteschvilla gewunnt oder et war den Auteure vun dem Buch net ernimmenswäert. Verglach mam Casino a mam Schlass um Kräizbierg, gëtt dës Villa och net vill hier an ass kaum besser wéi d'"Ingenieurshaiser" beim Stadhaus.
Am Émile Mayrisch, wou steet "de Mayrisch huet och a senger fréierer Villa e Krichslazarett fir däitsch a franséisch Zaldoten ariichte gelooss", schéngt et sech ëm déi "onbewunnbar" Wunnéng ze handelen:
  • Les blessés de guerre allemands et français sont soignés à l'hôpital de l'usine, ainsi qu'à l'infirmerie aménagée dans l'ancienne demeure du directeur Emile Mayrisch.'
A lo eng friddlech Hënnt --Jwh 01:04, 8. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Recherchen. Am Artikel vum Monument ass dat vun der Villa u sech net relevant. Duefir hunn ech dat aus dem Artikel erausgeholl. Et kéint een déi Informatiounen awer am Artikel "Émile Mayrisch" gebrauchen.--Fliedermaus 09:13, 8. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, um Monument ännert dat näischt. Do méngen ech just héieren ze hunn, datt d'Preisen näischt Besseres ze dinn hate wéi et ewechzerappen an datt et duerno um Kräizbierg stoung (haten d'Preisen et do nees opgeriicht oder louch et eng Zäit an engem Foussballstadion?), ier et an deen nei aménagéierte Park koum.
Wat fir mech eigentlech nei ass, ass datt et sech bei deene Villaën a Schlässer ëm Arbedsproprietéite gehandelt huet an net ëm dem Mayrisch säi Privatbesëtz, quitte datt hien d'Autoritéit hat fir iwwer hir Weiderbenotzung ze decidéieren. Mee dat ännert och näischt um Bild vun deem Personnage. Vläit fanne mir méi Relevantes... --Jwh 11:40, 8. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]