Diskussioun:Ohio

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sorry, mee et gesäit aus, wéi wann an der lb.wikipedia systematesch BUNDESSTAAT (= Federatioun oder Federalstaat, op Franséisch État fédéral) mat GLIDDSTAAT (= État fédéré, op Däitsch Gliedstaat) verwiesselt gi wier.

An den USA, déi ee Federal- oder Bundesstaat sinn, gëtt et 50 Gliddstaaten oder États fédérés. Den Ohio, z. B., ass ee Gliddstaat, d. h. ee Bestanddeel vun engem Bond (-> Bundesstaat), dee 50 Gliddstaate vereenegt => "Vereenegt Staate vun Amerika".

Ech hunn der mol 3 / 50 verbessert... Mä well ech lo als "Vandal" nees gespaart ginn, loossen ech lo d'Fanger vun deenen anere 47 wech.

Mat beschte Gréiss, IP.


Moien,

Wann an der däitschsproocheger Wikipedia "Bundesstaat" gutt genuch ass, gëtt et kee Grond, dat hei ze änneren.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 20:45, 13. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Wanns de mat Saachen anerer Meenung bass, dann ass dat keng Ursaach fir einfach d'Linken op Artikeln ze änneren. --Pierrenilles (Diskussioun) 20:50, 13. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Kuck einfach hei an an dësen Artikel a probéier net d'Rad nei z'erfannen. --Puscas (Diskussioun) 20:58, 13. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
Haalt op mat Ärem éiwege Gesouers wëll Dir gepaart gouf. Et gouf dofir all Kéiers eng Ursaach. Ech kann Iech d'Lëscht vun Ären Aktiounen déi dofir verantwortlech waren, gär opzielen. Vu Kabes an d'Artikele setzen iwwer anere Benotzer Frechheete maachen ass alles vertrueden. Dat hei ass lo déi lescht Warnung. Dir krut dat schonn de 26. Mäerz eng Kéier gesot. Déi nächst Kéier ass eng Kaskadespär vun all Ären IP-Adresse fälleg. --Les Meloures (Diskussioun) 22:20, 13. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Moien,

Do hunn awer gläich dräi dichteg Wikipedianer sech schwéier ugestrengt, fir sech gutt lächerlech ze maachen.

Op de.wikipedia steet:

<< BUNDESSTAAT (Föderaler Staat): Als Bundesstaat wird ein Staat bezeichnet, der aus mehreren Teil- oder Gliedstaaten zusammengesetzt ist. >>

Mee wéi sot schonn ee grousse Politolog: "D'Wikipedia gëtt leider vu kenger akademesch ofgesécherter Instanz begleet. Jidderee ka matmaachen, an e puer huelen sech dobäi och nach enorm eescht, trotz krasser Ignoranz oder Inkompetenz."

Wéi wier et mat enger gesonder Dosis vun Autokritik? Dir hutt mech lo nees gutt vernannt, mee dir hutt iech zemols gutt blaméiert. Dir braucht iech awer net z'entschëllegen - dat géif iech jo een Zack aus ärer Kroun kaschten.

Gréiss,

IP

Dat hei steet och op der de:Wiki:
Bundesstaat steht für:
  • einen Staat, der sich aus einer staatsrechtlichen Verbindung einzelner Teilstaaten konstituiert (Föderation), siehe Bundesstaat (Föderaler Staat)
  • die (Mit-)Gliedstaaten verschiedener föderaler Staaten oder Staatenbünde
nach Land:
  • Bundesstaat (Australien)
  • Bundesstaaten Brasiliens
  • Bundesstaaten des Deutschen Reichs
  • Bundesstaat (Indien)
  • Bundesstaaten Malaysias
  • Bundesstaaten Nigerias
  • Bundesstaat Österreich
  • Bundesstaaten des Südsudan
  • Bundesstaat (Vereinigte Staaten)
Komm net nëmme mat hallwe Beweiser hei geschleeft. Mä schéngs net ze liesen wat schonn aner Benotzer der hei uewen driwwer scho geschriwwen hunn. Firwat mengs de datt d'de:Wiki en Homonymieslemma huet? (Bundestaat (Föderaler Staat))
Oder wees de vläicht net wéini datt sou Lemmata gebraucht ginn? Wann dat de Fall sollt sinn da kuck einfach op dës Säit.
Dat wat s du hei méchs ass falsch Argumenter liwweren an dobäi gëtt et zwou Méiglechkeeten:
1) du méchs dat express, andeem Fall hues de näischt op enger Enzyklopedie als Mataarbechter verluer
2) du méchs et net express, mä well s de domm bass wéi eng Maus, an dann hues de och näischt hei verluer.
Mä et schéngt wierklech ze sinn wéi dee bekannte Philosoph gesot huet: 98 % vun der Bevëlkerung léiere liesen, bei 97 % freet ee sech firwat.
A wéi war dat scho méi mat dem de Gaulle sengem Urgrousspapp dee Bréifdréier oder eppes an deem Genre war? Wat seet de:Wiki oder d'fr:Wiki dozou?
--87.65.83.203 08:42, 14. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]
PS: Nach eppes an Diskussiounen hei gëtt net gejaut. --87.65.83.203 08:42, 14. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]