Diskussioun:Paul Leuck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fro: liewt de Paul Leuk nach Les Meloures 20:34, 12 August 2006 (UTC)

Nee, en ass leider schon gestuerven, muss den Datum nosichen. Gloooooo 20:48, 12 August 2006 (UTC)

Merci Les Meloures 20:49, 12 August 2006 (UTC)

Kann et sinn datt de Paul Leuck och am Assurancewiesen eng Aktivitéit hat. Les Meloures 00:27, 1 Januar 2007 (UTC)


De Paul Leuck war donieft Majouer an der Lëtzebuerger Arméi.
Meng Fro: War en nieft all sengen Aktivitéieten och nach Offizéier an der Arméi. Oder war en haaptsächlech Offizéier an en huet dat aanert niewelaanscht gemaach, oder war e während enger bestëmmter Period Offizéier an der Arméi. Les Meloures 14:00, 1 Januar 2007 (UTC)

Autisteschen Dialog?[Quelltext änneren]

"Paul Leuck moqué pour sa voix inimitable et ses commentaires incommensurables" Goosch.lu iver den Paul Leuck": Wat ass dat fir e Kabes hei mat deene sougenannten Zitaten. Dat Zitat, dat hei virgestallt gëtt, wéi wann d'Goosch dat iwwer de Paul Leuck geschriwwen hätt, huet e komplett anere Sënn. Firwat schreift dann hei keen, datt et bei deem Saz ëm eng Kritik iwwer de "Luxemburger Lexikon" geet? An iwwer näischt anescht. Firwat reagéiert kee vun deenen, déi un dësem Artikel schreiwen op eng eenzeg Kritik? Firwat fueren déi einfach weider, ouni de Kapp ze hiewen? Déi autistesch Reaktioune gi mär sou lues op de Wecker. Et kann net sinn, datt an de Leuck-Artikelen "egal wat" gekrozelt gëtt. Hei ginn och mat "Zitater" gahandelt, déi absolut net beluecht sinn. Wann dës Zitater net banne 6 Stonne mat Quelle beluecht sinn, da geheien ech s'eraus. Desweidere gëtt hei all gudden Dag eppes dragesat an e puer stonnen drop nees erausgeholl, an zwar meeschtens vun deemselwechten, deen et dragesat hat. Deen Afenzirkus geet elo duer. Esou eppes vu Getriwwels huet de Paul Leuck net verdéngt. --Cornischong 15:34, 3 Januar 2007 (UTC)

Moien,

Bei mär fonktionnéiert de Link op Goosch.lu net. Hunn ech eleng dee Problem? Les Meloures 16:30, 18. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Bei mäer fonktionnéiert en och net. --Pecalux 16:50, 18. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Ok, Merci da léiert en elo fléien. Les Meloures 17:49, 18. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Den Link get mat Firefox.

Effektiv fonktionnéiert de Link erëm mat Firfox, awer och mam Internet Explorer. Mat deem Link stéisst een op den Artikel "Un Larousse luxembourgeois", an deem de Paul Leuck kuerz ernimmt gëtt. Ech hunn de Link erëm dragesat, elo awer an den Artikel Luxemburger Lexikon.--Fliedermaus 08:05, 20. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech hat mer dee Link gëschter och emol iwwer Firefox ugekuckt. Do gëtt een da wann ee sech duerch annerhallef Säit duerchgelies huet zwee Wierder iwwer de Paul Leuck gewuer, wat an enger aner Form och am Artikel steet.

Meng Froen:

1) sinn esou Linken déi keng potentiell Méiinformatioun bréngen, wichteg?

2) wa jo stéingen déi net besser ënner Referenzen, well et gëtt jo just eppes dran zitéiert, dat souwisou am Artikel steet. Les Meloures 08:28, 20. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]