Diskussioun:Versus You

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Referenzen[Quelltext änneren]

Ech hunn deng referenzen nees dra gesat hat dei ouni et ze wessen anscheinend gelöscht, sorry! Hoffen dass et lo sou an der rei ass, an dass et ze promotionell wier kann ech net verstoen dass eben eng Biographie vun enger Band an do geheiert nun mol dran mat wemm se schon zesummen gespillt hun an wat se ereescht hun asw. --Irukandji85 (Diskussioun) 17:58, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Ännerunge vum Irukandji85 zéckgesat[Quelltext änneren]

Ech hunn d'Ännerunge vum Irukandji85 vum 16:46, 2. Mäe. 2014 zréckgesat well hien all d'Referenzen erausgeholl hat. Ech hat mir extra d'Méi gemach, fir net nëmmen déi promotionell Biographie vu Facebook ze iwwersetzen, wat hien/hatt awer elo gemaach huet. Wann hien/hatt wëll, kann en Saachen, déi falsch sollte sinn, jo gäre verbesseren, awer w.e.g. e bësse manner promotionell a Referenzen dra loossen. --Bdx (Diskussioun) 17:07, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Ech hunn dat Geschreifs voller Feeler nees um Bdx seng Vesioun zréckgesat. Wann et net besser geet da léiwer näischt maachen --Les Meloures (Diskussioun) 18:19, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Bei der Bandgeschicht liesen ech "D'Singleauskopplung The Hotel Room", mee ënner Diskographie steet keng esou eng Single. Kann een dat op een Nenner bréngen (ech kennen hir Diskographie net)? --Otets 09:15, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

The Hotel Room war eng Radiosingle, ouni offiziellen digitalen oder physesche Release. Ufanks stoung et als:
  • 2008: The Hotel Room (Radiosingle)
am Artikel, mee et gouf aus der Diskographie geholl (ech huelen u fir dat nëmme Releasen, déi eng richteg Verëffentlechung haten, dra stinn). Ech hunn am Text "Singleauskopplung" mat "Radiosingleauskopplung" ersat fir et méi kloer ze maachen.--Bdx (Diskussioun) 09:26, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Referenzen erëm geläscht[Quelltext änneren]

D'Referenze goufen erëm geläscht. Ech hunn der erëm dra gesat. WEG NET MÉI LÄSCHEN.

Do waren och e puer Saachen, déi ech geännert hunn:

  • "d'Lidd The Hotel Room war un der Spëtzt vun den nationalen Charts" --> well et gi keng national Charts zu Lëtzebuerg.
  • "weist datt Versus You ni wierklech eng Paus mécht." --> dat si Säz aus enger Promo-Bio
  • "Den Titel vum Album The Mad Ones ... ass eng perfekt Beschreiwung fir d'Grupp" --> Promo
  • "De Jerry Kirpach, e Frënd vunn der Grupp, huet déi fräi Positioun op der Batterie besat a versprach, de Fluch vu Versus You ze briechen a se net no kuerzer Zäit nees ze verloossen." --> wuertwiertlech aus der offizieller Bio iwwersat (zB op Facebook: A new drummer was found with Jerry Kirpach, who had been a friend of the band and promised to break Versus You's curse and stay with them)
  • "De 5. Oktober 2014 hu si d'Lidd "Sunny Afternoon", eng Coverversioun vun de brittesche Punk-Legenden The Kinks op hir Facebook-Säit gesat. D'Lidd war virun e puer Joer bei enger Prouf entstan a gouf mat engem Handy opgeholl." --> dat ass net Relevanz, well et weder eng Single ass, nach en Albumtrack, + et "gouf mat engem Handy opgeholl" (verstinne Kënschtler stellen all Woch esou Video online) + et war schonn am September ob [YouTube]
  • "Pet Sematary, e Ramones-Cover, gouf den 31. Mäerz 2015 op YouTube verëffentlecht, d'Lidd gouf 2010 vum Eric Rosenfeld a Jimmy Leen, dem deemolege Gittarist, opgeholl a gemëscht. De Jimmy huet Batterie gespillt an den Eric Gittar a Bass an huet och gesong." --> dat selwecht
  • ech hunn d'Kompilatiounen aus der Diskographie geläscht, well et keng Kompilatioune vu Versus You waren, mee Kompilatiounen, op deene Lidder vu Versus You sinn, an därer ginn et der Dosenden

--Bdx (Diskussioun) 11:19, 9. Jun. 2015 (UTC)[äntweren]