Benotzer Diskussioun:Irukandji85

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.
Moien Irukandji85,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Versus You[Quelltext änneren]

Salut,

Ech hu gesinn datt, de Les Meloures d'Biographie och erëm zréckgesat huet. Ech mengen de Problem ass och, datt een eng Facebookbiographie net einfach op Lëtzebuergesch kann iwwersetzen, well dat kee fräien Text ass (ass dat soss kee Plagiat wann et net an eegene Wierder formuléiert gëtt?). Ech weess och net, op et relevant ass fir all d'Gruppen opzeleschte, mat deene si gespillt hunn, well dat der zimmlech vill sinn an dat an den Artikele vun anere Gruppen och net gemaach gëtt. Mee dat sinn nëmme Vermutunge vu menger Säit, vläit kanns du um Wikipedia:De Staminee nach eng Kéier nofroen.

Weess du vläit méi genau, wéi ee vun de fréiere Membere wéi laang an der Grupp aktiv war? --Bdx (Diskussioun) 09:21, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Moin,
Dem Les Meloures no sin anscheinend zevill Feeler am Text. Ech weess och net op dat e Plagiat soll sin? Ech wees dat Versus You
kee problem domat huet, well ech doriwer schon mam Giordano diskuteiert hun an hien oder si frou sin wann een sech d'Méi
mescht eppes iwert Band zeschreiwen, och hei op Wiki.
Kann den Giordano mol engkeier froen wéi lang déi fréier Memberen aktiv waren wann ech en nees gesin. --Irukandji85 (Diskussioun) 10:09, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Hei huet anscheinend een den Ënnerscheed tëscht Plagiat an Orthograhiefeeler net verstannen. Si mer an der Spillschoul hei? ????
Orthograhiefeeler? ne Spillschoul!! Orthographie
Ech ka gär Ieren Text hei hinner kopéieren an d'Feeler ënnersträichen. Wann et Iech intresséiert. --81.246.185.63 10:44, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Wann Dir d'Feeler ënnersträichen kennt da kennt Dir se jo och direkt verbesseren. Nee?--Irukandji85 (Diskussioun) 11:07, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Merci ech hunn op déi Äntwert gewaart. Et muss ee schonn en zolidde Culot, fir vun anere Leit ze verlaange säi Gekrozels ze verbesseren. Sou funktionnéiert dat net hei!!!! --81.246.185.63 11:23, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Et muss ee schonn en zolidde Culot hunn!!!! Dass jo scho gudd net dat Dir na en Häerzkasper kritt!!--Irukandji85 (Diskussioun) 11:31, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Ech gleewen dir, datt d'Grupp dir gesot huet, si hätt näicht dogéint wann een déi Bio vu Facebook géing iwwersetzen. Dat ass awer leider zimmlech schwéier, dat z'iwwerpréiwen. Iergendwou hunn ech eng Kéier gelies, datt all Text op Wikipedia soll en originalen Text sinn, deen et nach net op anere Säite gëtt. Kanns du net einfach déi Info, déi denger Meenung no feelt, bei den aktuellen Text dobäi setzen, ouni alles ze ersetzen? --Bdx (Diskussioun) 10:24, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

A jo, ech géing dat super fannen wanns du déi Info kéins kréien iwwer déi aner Memberen!:) --Bdx (Diskussioun) 10:26, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Kucken wat ech machen kann.--Irukandji85 (Diskussioun) 10:29, 3. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Op der Säit "The Last Millennium Suckers" gëtt behaapt, de Patrick Damiani giff bei den Toxkäpp matspillen. Op deenen hirer Säit erkennen ech en awer net op der Foto (zwar eng Catcher-Mask, mee trotzdem). Kéins du vläit am Toxkäpp-Artikel d'Familljennimm vun de Bandmemberen derbäischreiwen, respektiv déi Info iwwerpréiwen? --Otets♣ 15:52, 4. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech hun mol desen Link The last Millennium Suckers op Bandcamp op
säit vun The Last Millennium Suckers gesat do kanns de no liesen dat den Patrick bei den Toxkäpp an na e puer aner Gruppen
spillt.--Irukandji85 (Diskussioun) 09:37, 5. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Schéin. Wat awer ëmmer nach net kläert wéi e Familljennumm dee "Patrick" huet, an op et deeselwechten ass dee bei Le Grand Guignol matgespillt huet. --Otets♣ 16:40, 6. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Also, ech hunn mir lo mol e puer foto'en ugekuckt an sin mir och net méi ganz sécher op dat deeselwechten soll sinn. Fro mol den Bdx wou hien un déi Info kennt well op der bandcamp säit vun d'millennium suckers steet jo keen Familljennumm dobei. --Irukandji85 (Diskussioun) 11:10, 7. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Op dëser Säit gouf eng Fro gestallt. Kënnt Dir Iech déi mol ukucke w.e.g. --Les Meloures (Diskussioun) 09:51, 26. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Hello dear Irukandji85, saw your wonderful contribution to Luxembourgish Wikipedia. According to the matter I would like to ask you translate/help to translate the small article into Luxembourgish, and add it to the Wikipedia. Thank you in advance for your support/contribution and best wishes!