Diskussioun:Wandpark Gemeng Hengischt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nimm vun den Wandparken[Quelltext änneren]

Mojen, misst een nët "richteg" lëtzebuergesch Nimm fir déi verschidde Wandparken aféieren, an dann den Originalnumm vum Bedreiwer dobäisetzen? Kuck emol op d'Säit Wandenergieanlag, do nennen ech dëse Wandpark Wandpark zu Hengescht an hannendrunn steet den (manner korrekten Numm) vun der Gesellschaft "Wandpark Gemeng Hengischt S.A.", a nët vun der Anlag selwer. --PlayMistyForMe 10:27, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

Prinzipiell gesinn ech dat och esou. "Wandpark zu Hengescht" fannen ech awer net optimal, well d'Anlagen a verschiddenen Uertschaften vun der Gemeng Hengescht stinn. Wéi wier et duerfir mat "Wandpark an der Gemeng Hengescht". Am Gesellschaftsnumm géif ech et och beim "Hengischt" loossen.--Fliedermaus 10:59, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Iwwer den Numm, kann een nach bis mat de mar de Mueren diskutéieren. Wann e mat engem anere Lemma besser kann erkannt ginn, ass dat fir mech an der Rei. Ech gesi just kee groussen Ënnerscheed op mer se sou nenne wéi de Bedreiwer se nennt an/oder sech nennt, oder anescht. Hei hu mer am Fong zwou Mécke mat engem Schlag, den Numm vum Bedreiwer an en Numm fir d'Saach. Et soll ee sech beim Lemma och d'Fro stellen ënner wat ee Friemen et géif an d'Sichkëscht aginn a wéi en et fënnt. Redirecte mat falsche Lemmaen oder mat falscher Schreifweise fir datt een et soll fannen, gi menger Meenung no kee grousse Sënn. Mee d'Fransousen hunn anscheinend de selwechte Problem, do gëtt och andauernd geréckelt, obschonns deenen hir Orthographie besser festgeluecht ass wéi eis.

Meng Fro:Firwat net iwwerall den Numm huelen deen de Bedreiwer der Saach ginn huet.

Les Meloures 12:00, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Mojen Les Meloures, et war fir mëch eng Fro vu Konsistenz, et wier sproochlech eenheetlech a liicht ze zortéieren. Ech wees och nët ob et fir déi aaner Anlagen och esou Nimm gëtt, bei der Agence de l'Energie sti just d'Bedreiwergesellschaften. Dann ass et vläischt fir en Insider méi schwéier ze fannen, mais den allgemenge Public fënnt d'Wandparken méi liicht iwwert eng allg. Bezeechnung mat enger korrekter Schreiwweis, oder? Mat beschte Gréiss vum --PlayMistyForMe 12:33, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Menger Meenung no wier et besser fir separat Artikelen fir d'Infrastrukturen engersäits an de Bedreiwerfirmen anerersäits unzeleeën. D'Pompelspäicherwierk zu Veianen ass jo och ënner Pompelspäicherwierk Veianen an net ënner "Société Électrique de l'Our S.A." an der lb-Wikipedia ze fannen. Dës géif et och erlaben méi sënnvoll ze verlinken, je nodeem ob d'Infrastrukturen oder d'Gesellschaft gemengt ass. Et ass jo och duerchaus méiglech datt eng Gesellschaft verschidden Infrstrukturen dorëmmer exploitéiert.--Fliedermaus 13:30, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Da géif ech an dësem Fall Wandpark vun Hengescht soen da kann d'Gemeng och dermatter gemengt sinn och wann et net weider preziséiert ass. Ech well mech awer net hei mat engem Numm duerchsetzen. Les Meloures 17:49, 10. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Fusioun Gemeng Klierf[Quelltext änneren]

Moien, 3 Joer no der Diskussioun hei driwwer: A wéi heescht en elo, wou et keng "Gemeng Hengischt" méi gëtt? --Zinneke 11:12, 3. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]