Dunhuang
| Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dunhuang | |
|---|---|
| Land | |
| Status: | Kreesfräi Stad |
| Provënz: | Gansu |
| Koordinaten: | 40° 08´ N, 94° 39´ O |
| Fläch: | 26.960 km² |
| Awunner: | 187.578 (2000) |
| Héicht: | 1.100 m i. NN |
Dunhuang (Chinese: 敦煌, pinyin: Dūnhuáng; 40°6′N 94°39′O) ass eng Stad am nërdlechen Deel vun der Volleksrepublik China.
[änneren] Geographie
Dunhuang gehéiert zur Provënz Gansu an zum Verwaltungsgebitt vun der beziirksfräier Stad Jiuquan . Si ass eng Oas an engem Wüstegebitt, huet ronn 100.000 Awunner, a läit 1.100 m iwwer dem Mieresspigel un der Seidestrooss, do wou den nërdlechen an de südlechen Arem vun der Seidestrooss zesummenkomm si. Dunhuang war och e militäreschen Ausseposten, den nërdlechsten a China, an hat duerfir Befestegungen, haaptsächlech fir sech géint Invasiounen aus dem Norden ze wieren.
[änneren] Geschicht
[änneren] Kuckeswäertes
Dunhuang ass eng vun de groussen Touristenattraktiounen vu China, besonnesch doduerch datt se eng Héichbuerg vu buddhisteschen Mönchen war, déi an der Noperschaft vill Spuren a Form vu Texten a Molereien hannerlooss hunn.
- Mogao Grotten, (Grotten vun de 1.000 Buddhaën): Sie leien 25 km vu Dunhuang weg, a bidden een aussergewéinleche Räichtum vu Gebaier am Fiels, Buddha-Statuen, Wandmolereien an historeschen Texten
- D'Befestegungen (militäresch Ausseposten) mat engem aussergewéinlechen Ausblëck op d'Schnéiberger am Norden an am Süden
- Den Ausgangspunkt fir Ausflich mat Kaméilen an d'Wüst
[änneren] Fotoalbum vun Dunhuang
[änneren] Literatur
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
Säit iwwert d'buddhistesch Grotten bei Duanhang, engl.
| Commons: Dunhuang – Biller, Videoen oder Audiodateien |