e-go

Vu Wikipedia
Borne fir déi elektronesch Ticketen am Kader vum Projet e-go ze validéieren

e-go war e Projet fir am ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg elektronesch Billjeeën anzeféieren déi souwuel fir d'Benotzer wéi och fir Buschauffere respektiv Zuchbegleeder méi liicht ze kontrolléiere sinn.

Dëse Projet goung op eng Iddi zeréck, déi 1995 ënner der deemoleger Transportministesch Mady Delvaux-Stehres lancéiert gouf.

Am Dezember 2001 huet d'Regierung der Firma Smart-Tec den Optrag fir e Pilotprojet ginn, deen am Januar 2002 ugefaangen huet.

Enn vum Projet[änneren | Quelltext änneren]

e-go Validationsapparat deen zanter dem 1. September 2014 ausser Betrib ass.

An engem Spezialrapport[1] huet d'Cour des Comptes am Joer 2009 fest gehalen, datt d'Investissement vu 16,68 Milliounen Euro net vertrietbar ass mat engem System deen d'Ziler déi ugestrieft goufen nëmmen deelweis erreecht huet.

Zu deem Zäitpunkt konnt d'Cour des Comptes och net feststelle wat an Zukunft nach vu Käschte fir den Ënnerhalt an d'Entwécklung vun neie Funktioune géif ufalen. De Rechnungshaff huet deemools och virgeschloen, datt de Verkéiersverbond déi néideg finanziell Mëttelen an d'Personal soll kréie fir e Cahier des charges opzestelle mam Zil fir d'Gestioun an d'Exploitatioun vun engem elektroneschen Tarifsystem a privater Hand z'organiséieren a fir eng Soumissioun an deem Sënn ze lancéieren.

Am Juni 2014 ass en neien elektroneschen Tarifsystem am ëffentlechen Transport d'mKaart ugelaf an de Projet E-go gouf Enn August 2014 ofgeschloss. Zanter dem 1. September 2014 kann ee kee Billjee vum Projet E-go méi entwäerten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: E-go – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rapport spécial concernant le projet E-go op www.cour-des-comptes.lu; fir d'lescht gekuckt de 15. September 2014<