E-Bass

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E-Bass
Jimmy Haslip.jpg
Klassifikatioun Chordophon
Zupfinstrumenter
Ähnlech Instrumenter E-Gittar, Kontrabass
Akustesch Bassgittar
Fender Standard Jazz Bass

En E-Bass, dacks och nëmme Bass genannt, ass e Säiteninstrument, dat um Prinzip vun enger E-Gittar baséiert a vum Kontrabass oofstaamt.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

E Bass huet normalerweis 4 oder 5 Säiten. Et gëtt awer e puer Ausname mat 3,6 oder souguer 7 Säiten. De Korpus ass flächeméisseg méi grouss wéi dee vun enger E-Gittar, awer net onbedéngt méi déck. Den Hals ass e bëssche méi laang, wat mat sech bréngt datt den Ofstand tëscht de Bënn méi grouss wéi bei enger Gittar ass. Ausserdeem läit den Hals e bëssche méi héich, wat den Ofstand tëscht de Säiten an dem Grëffbriet vergréissert. D'Säite si proportional gesinn och méi laang a méi déck wéi bei enger Gittar. Normalerweis variéiert d'Zuel vun de Bënn bei engem Bass tëscht 20 an 24.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi déif Téin ze generéieren, mussen d'Säite vun engem Bass ganz déck sinn. D'Tounabnehmer, déi an der Mëtt vum Korpus, ënner de Säiten, placéiert sinn, huelen, wéi bei enger elektrescher Gittar, d'Schwéngunge vun den ugespillte Säiten op. Dës ginn dann an elektresch Signaler ëmgewandelt. Dës Signaler sinn als éischt mat Dräiregeler an duerno mat enger Buchs ënnen um Korpus verbonnen, a fléissen duerch een an där Buchs agestachene Kabel an de Bass-Verstäerker, deen da schlussendlech de gespillten Toun vu sech gëtt.

Spilltechnik[änneren | Quelltext änneren]

Meeschtens ginn d'Säite vum Bass mat de Fangere ugeschloen, dobäi entsteet en zimlech déiwen Toun. Verschidde Bassiste spillen awer léiwer mat engem Plektrum, dobäi komme méi déi héich Frequenzen eraus. Et gëtt awer och nach aner Spilltechniken, wei d'Slap- a Pop-Technik. Heibäi ginn d'Säite mam Daum ugeschloen, respektiv gerass, wat och e ganz aggressiven Toun mat héije Frequenze vu sech gëtt. E bëssche méi seelen ass den Tapping, dee bal nëmme bei Soloe benotzt gëtt.

Stëmmen[änneren | Quelltext änneren]

En E-Bass ass normalerweis an E respektiv a B a Quarte gestëmmt. Dobäi ass déi déck Säit am déifsten an déi dënn Säit am héchsten. Fir verschidden Zwecker kënnen d'Säiten och, parallel oder eenzel, erof gestëmmt ginn. Verschidde bekannte Bassisten hunn hir eege Stëmmung entworf, well et hinnen da méi liicht fält hir Basslinnen ze spillen.

Produzenten[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischten E-Bass war e Fender Precision Bass a gouf an de 50er Jore vum Leo Fender produzéiert. Haut gëtt e vun enger ganzer Rei aneren Hiersteller kopéiert. Et goufen awer och vill aner Modeller konstruéiert, vu Produzente wéi Ibanez, Warwick oder Rickenbacker.

Verwandten Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Den E-Bass staamt vum Kontrabass of a gläicht ëm och.

Nieft dem "normalen" E-Bass gëtt et och nach aner Bäss, wéi den akustesche Bass, deen net elektronesch, mä mat enger Schallkescht verstäerkt gëtt oder de Fretless-Bass, deen, wéi den Numm et schonn seet, keng Bënn huet. Et gëtt och Bäss, déi speziell fir Lenkshänner konstruéiert sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: E-Bass – Biller, Videoen oder Audiodateien