Elisabeth vun Thüringen
| Helleg Elisabeth Elisabeth vun Thüringen 7. Juli 1207 – 17. November 1231 |
||||||||
| Detailer | ||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
D'Landgräfin Elisabeth vun Thüringen, gebuer de 7. Juli 1207 op der Buerg Sárospatak an Ungarn als Elisabeth vun Ungarn a gestuerwen de 17. November 1231 zu Marburg an der Lahn, ass eng Helleg vun der kathoulescher Kierch. Si ass och d'Patréinesch vun Thüringen an Hessen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Elisabeth vun Thüringen war d'Duechter vum ungaresche Kinnek Andreas II. Mat 14 Joer ass si mam Landgrof Ludwig IV. vun Thüringen bestued ginn. Et war bekannt, dass d'Elisabeth vun Thüringen sech fill ëm aarm Leit gekëmmert huet, wat op hier fréi fromm Erzéiung zréck ze féieren ass.
Legend [änneren]
Der Legend no wollt si mol nees Brout un déi Aarem verdeelen, wat hire Mann awer nu guer net appreciéiert huet. Wéi dee si gefrot huet, wat si dann an dem Kuerf géing mat sech erëmschleefen, huet si gelunn a behaapt, et wiere Rousen. Dat sougenannte „Rousewonner“ beseet, datt sech doropshin d'Brout a Rouseblieder verwandelt huet, wouriwwer déi Aarem wuel kaum begeeschtert waren.
Nom Doud vum Ludwig IV. vun Thüringen ass si op Marburg geplënnert, wou si e Spidol gegrënnt huet, an deem haaptsächlech Kranker behandelt goufen, déi soss néirens opgeholl gi wieren.
De 17. November 1231 ass d'Elisabeth vun Thüringen gestuerwen a schonn de 27. Mee 1235 gouf si vum Poopst Gregor IX. helleggesprach.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Elisabeth vun Thüringen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Méi heiriwwer beim Heiligenlexikon (de)