Emma Goldman

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Emma Goldman, ëm 1911

D'Emma Goldman, gebuer de 27. Juni 1869 zu Kowno (deemools Russland, haut Kaunas a Litauen) a gestuerwen de 14. Mee 1940 zu Toronto, war eng litauesch-US-amerikanesch Anarchistin, Feministin a Schrëftstellerin.

D'Emma Goldmann ass als Teenager mat hirer Famill op Sankt Péitersbuerg geplënnert. Do ass se mat revolutionären Iddien a Kontakt komm. Wéi se 17 Joer al war, ass se an d'USA emigréiert. Do huet se den Alexander Berkman kennegeléiert, e bekannten Anarchist. Méi spéit ass se wéinst hirer anarchistescher Astellung a Russland ausgewise ginn an huet duerno och a Südfrankräich an a Groussbritannie gelieft.

Si huet souwuel d'Russesch Revolutioun, wéi och de Spuenesche Biergerkrich matgemaach. Hiert bekanntst Wierk ass Anarchism, and Other Essays. (1886)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emma Goldman – Biller, Videoen oder Audiodateien