Fëschsaurier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Fëschsaurier | |||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
E Fëschsaurier (Heinrich Harder, 1916 |
|||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||
|
|||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
| Ichthyosauria „Blainv.“ 1835 |
|||||||||||||
D'Fëschsaurier (Ichthyosauria) oder Ichthyosaurier sinn eng Grupp ausgestuerwen Reptiller aus dem Zäitalter Mesozoikum.
Si ware vollstänneg un d'Liewen am Waasser ugepasst an hunn nëmmen am Mier gelieft.
Genee esou wéi d'Flugsaurier (Pterosauria) an d'Plesiosaurier (Plesiosauria) hu si net zu den Dinosaurier gehéiert, mä hunn eng eege Reptiliegrupp duergestallt.
D'Fëschsaurier hu virun 250 bis 75 Millioune Joer gelieft an hu sech aus véierbeenegen Echsen, déi u Land gelieft hunn, entwéckelt. Fir ze otmen hu si missen u Land kommen a fir sech fortzebeweegen hu si sech am Mier duerch säitlech Schléi vun hirem Schwanz viru geschloen.
| Commons: Ichthyosauria – Biller, Videoen oder Audiodateien |