FC Barcelona

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den FC Barcelona ass, mat iwwer 150.000 socios (Memberen), de gréisste Foussballclub op der Welt. Dës katalanesche Equipe spillt an der spuenescher "Primera Division" an ass, nieft dem Real Madrid, deen traditiouns- an erfollegräichste Club a Spuenien.

Nieft 2 Champions League-Titele stellt den FC Barcelona mat 27 Titelen och de Rekord mat de meeschte Coupe-Gewënner a Spuenien. Donieft huet den FC Barcelona nach 19 national Championstitele gewonnen. Ausserdeem huet dëse Club nach vill aner Coupen an Titele gewonnen, sief et de Supercup, den europäesche Supercup, d'Copa Catalunya.

Den FC Barcelona ass ee vu wéinege Veräiner déi et fäerdeg bruecht hunn déi 3 "grouss" europäesch Tropheeën, d'Champions League, den UEFA Cup an d'Coupe vun de Coupegewënner, ze gewannen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: FC Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien