FIFA-Weltranglëscht
Déi sougenannten FIFA/Coca Cola Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Foussball a gëtt vum Weltverband FIFA gefouert. Si gouf am August 1993 fir d'éischte Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a regelméissegen Ofstänn vun den international aktiven Nationalequippen ze bestëmmen an ze vergläichen.
Am Ranking ginn nëmme Mätcher aus de leschten aacht Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwert déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol de Mount aktualiséiert. Gewäert ginn déi bescht siwe Mätcher vun der Hären-A-Nationalequippen am Laf vun engem Joer. D'Ranglëscht gläicht dem Elo-System aus dem Schach.
Aktuell Ranglëscht vun de Männer [änneren]
An der aktueller Ranglëscht steet Spuenien un der Spëtzt (Stand: Jan. 2012). Op de Plazen zwee an dräi kommen Holland an Däitschland.
Lëtzebuerg war am Abrëll 1996 op der 93. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit op der 127. Plaz mat 252 Punkten.
| Plaz | Land | Punkten |
|---|---|---|
| 1. | 1564 | |
| 2. | 1365 | |
| 3. | 1345 | |
| 4. | 1309 | |
| 5. | 1173 | |
| 6. | 1143 | |
| 7. | 1100 | |
| 8. | 1091 | |
| 9. | 1082 | |
| 10. | 1067 | |
| ... | ||
| 40. | 647 | |
| ... | ||
| 127. | 252 | |
| ... | ||
| 206. | 3 Länner mat | 0 |
(Stand: Januar 2012)
Aktuell Ranglëscht vun de Fraen [änneren]
Hei gëllt eng aner Punkteberechnung; dës Lëscht gëtt nëmmen emol pro Quartal aktualiséiert.
Lëtzebuerg ass hei op der 89. Plaz mat 1227Punkten.
Stand: Mee 2010