Festival international de la bande dessinée à Contern

Vu Wikipedia

De Festival international de la bande dessinée à Contern ass e Comicfestival deen zanter 1994 all Joer zu Conter organiséiert gëtt.

E Comicfestival (an Däitschland heesche se "Comicbörse") ass eng traditionell Renconter tëscht den Auteuren an hire Konnen, Bewonnerer an de Comicsammler. Bei där Geleeënheet kann de Fan sech bei den Zeechner an/oder Zeenaristen eng Widmung (Dédicasse) a säi Buch, op e Blat Zeechepabeier oder a säin Dédicassenalbum maache loossen. Op de Festivale ginn och nei Bicher a Serië virgestallt, déi een da beim Festivalslibraire kafen a vun den Auteuren dédicasséire loosse kann.

De Festival international de la bande dessinée à Contern - kuerz B.D.Contern, ass sou en Event, deen zanter 1994 all Joer traditionell mat dem Ufank vun der grousser Vakanz zesummefält. Schonn no e puer Joer Existenz hat B.D.Contern internationalen Niveau erreecht an zielt haut zu de gréissten a beléiftste Comicfestivalen aus Mëtteleuropa.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gaaschtzeechner[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de reegelméissege lëtzebuergesche Gäscht zu Conter - de Roger Leiner a Lucien Czuga, den Andy Genen, de Fern Weirich, de Claude Christ an de Luke Haas, si schonn eng Rëtsch ganz prominent international Zeechner, Zeenaristen a Cartoonisten ageluede gewiescht, an e puer vun hinne komme praktësch all Joer nes erëm. Zu de prominentsten Zeechner an Zeenaristen zielen den Don Rosa, Raoul Cauvin, Dino Attanasio, Bédu, Jean-Claude Servais, Albert Weinberg, Jo El Azzara, Edouard Aidans, Bruno DiSano, Chandre, Daniel Kox, Jean-Charles Kraehn a Michel Weyland.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]