Fieder

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Fiedere bei Vullen. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Fieder (Homonymie).
Verschidde Vullefiederen

Fiederen (lat. Pennae, Singular Penna) sinn eenzel Deeler vum Plommekleed vun de Vullen. Si bestinn aus Keratin, wuessen op der Baussenhaut, a sinn, wann s'ausgewuess sinn, ouni Liewen. D'Fiedere schützen d'Vulle viru Waasser a Keelt a ginn hinnen och eng bestëmmte Faarf, déi souwuel dozou dinge kann, sech ze tarnen wéi och als Mëttel vun der visueller Kommunikation. Ausserdeem ginn se de Vullen eng fest Kontur, an zur gudder Lescht d'Méiglechgkeet, ze Fléien. Obwuel eng eenzel Fieder extreem liicht ass, weien all d'Fiedere vun engem Vull zesumme méi wéi duebel esouvill wéi säi Sklett. D'Branche vun der Wëssenschaft, déi sech mat de Fiedere befaast, heescht Plumologie.

Et gëtt grondsätzlech tëschen zwou Zorte Fiederen ënnerscheed: de Konturfiederen, déi dem Vull d'Form ginn, an d'Ënnerfiederen (Plommen; lat.: Plumae), déi do sinn, fir waarm ze halen.

Commons: Fieder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools