Fläsch

Vu Wikipedia
Verschidde Fläschen
Fläsch

Eng Fläsch ass e Behälter, dee gewéinlech un der Basis d'Form vun engem Zylinder huet, an deen no uewen hin, wou en op ass, méi enk gëtt. Deen Deel gëtt den Hals genannt. Fläsche kënne mat engem Stopp, sief et aus Kork oder Plastik zougemaach ginn. Stëpp kënnen an den Hals gedréckt ginn, dropgeschrauft ginn, oder a Form vun enger Kapsel vu baussen dropgepresst sinn.

Fläsche si meeschtens aus Glas oder Plastik, méi rar aus Toun a gi gebraucht fir Flëssegkeeten ze versuergen, sief et Liewenesmëttelflëssegkeeten, wéi Waasser, Wäin, Béier, Ueleg, asw.; sief et Anerer, wéi z. B. cheemesch Produkter, Parfumen, asw.

Och metallesch Behälteren an zylindrescher Form, déi Gas(en) ënner Drock enthalen, gi Fläsche genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fläschen – Biller, Videoen oder Audiodateien