Fleury-devant-Douaumont

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fleury-devant-Douaumont
Gedenksteen op der Strooss wou d'Uertschaft war
Gedenksteen op der Strooss wou d'Uertschaft war
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Meuse.svg Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Charny-sur-Meuse
Code Insee 55 189
Postcode 55 100
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 11’ 53’’ N
     05° 25’ 34’’ O
Fläch Uertschaft  1 027 ha
Bevëlkerung Uertschaft  0 (2012)

Fleury ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Loutrengen.

Fleury war bis zum Éischte Weltkrich eng Uertschaft mat 422 Awunner. An der Schluecht vu Verdun gouf et an Zäit vun 2 Méint ofwiesselnd, 16-mol vun de Fransousen an de Preisen zréckeruewert, an dobäi komplett zerstéiert.

D'Uertschaft gouf nom Krich net méi opgebaut. Haut ass et eng Gediechtnesplaz, an op engem flechéierte Parcours kann e gesi wou d'Stroosse waren, a wou d'Haiser stoungen.

Fleury gouf als Village mort pour la France deklaréiert a gëtt vun dräi Leit verwalt déi bis 1982 vum Prefekt vun der Meuse bestëmmt goufen a vun do un, gi se vum Conseil Genéral de la Meuse bestëmmt.

De Krichsmusée Mémorial de Verdun gouf zu Fleury op der Plaz opgeriicht wou fréier d'Gare vun der Gemeng war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fleury-devant-Douaumont – Biller, Videoen oder Audiodateien