Fotoapparat

Vu Wikipedia
Canon 450D vun 2008
EXA Rheinmetall, déi éischt a Grousserie produzéiert Spigelreflexkamera (1953)

E Fotoapparat ass en optescht Gerät, mat deem ee Fotoe maache kann.

Den éischte Fotoapparat iwwerhaapt war d'Camera Obscura. Déi hat nach kee cheemesche Film fir d'Bildopzeechnung an amplaz vun engem Objektiv hat se just e klengt Lach. Si huet hiert Bild op eng riicht Fläch projezéiert, z. B. an eng grouss Këscht an där ee konnt ronderëmgoen, op eng matt Scheif oder einfach op d'Plack vun engem Dësch. Sou konnt een da ganz realistesch Zeechnunge maachen.

Déi wichtegst Baudeeler vun engem Fotoapparat sinn d'Objektiv, de Verschloss, d'Steierung an de Boîtier. Am Boîtier ass d'Féierung fir de liichtempfindlichen Negativ- respektiv Diafilm.

Bei enger Digitalkamera gëtt amplaz vun engem Film e liichtempfindlichen Hallefleeder-Sensor agesat. Fir gewéinlech gebraucht een do sougenannte CCD- oder CMOS-Sensoren. Dës Sensore wandelen d'Luucht déi afält jee no senger Intensitéit an elektresch Ladung ëm. Dës gëtt no der Opnam iwwer integréiert Schaltungen ausgelies, analog-digital-gewandelt, codéiert (cf. Datekompressioun) an ofgespäichert.

Fir d'Astronomie goufe grouss, méi empfindlech CCD-Sensoren entwéckelt. En plus gëtt d'Bild och zum Deel Zeil per Zeil ofgetaascht (Scan-Techniken Hipparcos, Raumfaart).

Eng Camera Obscura

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fotoapparaten – Biller, Videoen oder Audiodateien