Foussgängeriwwergang

Vu Wikipedia
En Zeebrasträifen, aus der Siicht vum Foussgänger

E Foussgängeriwwergang, Foussgängerpassage oder Foussgängersträifen, ëmgangssproochlech Zeebrasträifen, ass en Deel vun der ëffentlecher Strooss, op deem d'Foussgänger sécher vun enger op déi aner Stroossesäit goe kënnen. E gouf entwéckelt fir datt d'Benotzer gruppéiert, op enger Plaz déi vun den Automobiliste gutt ze gesinn ass, an a Sécherheet virum Autostrafick iwwer d'Strooss goe kënnen.[1]

Foussgängersträife sinn dacks op Kräizungen amenagéiert, se kënnen awer och op anere Plazen ugeluecht ginn, wou et geféierlech ka sinn, fir iwwer d'Strooss ze goen. Se ginn deemno dacks bei Schoulen oder op Plazen amenagéiert, wou gemenkerhand Kanner ënnerwee sinn.

D'Foussgängerpassagë gi mat enger Markéierung um Buedem an dacks zousätzlech mat Verkéiersschëlter gezeechent. De Marquage um Buedem besteet prinzipiell aus breede Strécher, déi parallel zum Trëttoir op d'Strooss gemoolt ginn; d'Markéierung kann awer vu Land zu Land änneren.

Op Stroosse mat méi Trafick ginn dacks och nach Verkéiersluuchten opgestallt, déi jee no Situatioun, vum Foussgänger mat engem Knäppchen aktivéiert musse ginn, fir datt e „gréng“ kritt a sécher iwwer d'Strooss ka goen.

Situatioun zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Dem Lëtzebuerger Code de la route no[2], muss de Foussgängersträife mat enger Buedemmarkéierung[3] an – wa keng Verkéiersluuchte beim Passage stinn – obligatoresch och mam Schëld E,11a gezeechent sinn. Wann d'Situatioun et néideg mécht a fir eng besser Visibilitéit ze garantéieren, kann am Virfeld och nach d'Schëld A,11a opgestallt ginn.

Op der Strooss gi Strécher parallel zu der Achs vun der Strooss opgedroen; d'Dimensioune vun de Strécher sinn net am Code de la route definéiert a kënnen deemno op de Gemengen- oder Staatsstroossen oder jee nodeem wéivill Foussgängertrafick ass, variéieren. Se sollen awer op jidder Fall op d'mannst 3 m. laang sinn[4]. D'Breet vun de Strécher ass gemenkerhand 0,50 m. grad ewéi de Sputt tëscht zwéi Strécher.

D'Strécher fir den Zeebrasträifen ze markéiere si wäiss; wann et sech ëm e provisoresche Passage handelt (z. B. am Kader vun engem Schantjen), si se giel.

Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer[änneren | Quelltext änneren]

Als Variant vum klassesche Foussgängersträife gëtt et och e kombinéierten Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer[5], wou direkt nieft dem Foussgängeriwwergang ee fir Cyclisten ass. De kombinéierte Passage gëtt mam Schëld E, 11b (an eventuell zousätzlech mam Schëld A, 11b) gezeechent.

Prioritéit[änneren | Quelltext änneren]

Beim einfache Foussgängersträife grad ewéi beim kombinéierten Iwwergang fir Foussgänger a Cyclisten, wann de Verkéier net mat Luuchte gereegelt gëtt, mussen d'Chauffeure stallhale wann e Foussgänger oder e Cyclist wëlles huet oder am Gaang ass iwwer d'Strooss ze goen oder ze fueren[6].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Foussgängeriwwergang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Art. 107, Kapitel V., Punkt 8: « Le signal E,11a indique l'aplomb d'un passage pour piétons.(…) L'aplomb des passages pour piétons doit être indiqué par le signal E,11a, sauf si la circulation est réglée par des signaux colorés lumineux »
  2. (fr)Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publique. legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 14.05.2024.
  3. idem Art. 2 – Punkt 1.18.a): « Passage pour piétons : partie de la chaussée qui est réservée ax piétons en vue de traverser la chaussée et qui est signalée et marquée comme telle »
  4. (de)Richtlinie für abmessungen fussgängerüberweg –. Bundesministerium für Verkehr, Bau und Wohnungswesen (Ausgabe 2002). Gekuckt de(n) 17.05.2024.
  5. Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955, Art. 2 – Punkt 1.19): « Passage pour piétons et cyclistes : partie de la chaussée qui est réservée aux piétons et aux conducteurs de cycles en vue de traverser la chaussée et qui est signalée et marquée comme telle »
  6. idem Art. 142 « Aux passages pour piétons et aux passages pour piétons et cyclistes où la circulation n'est pas réglée par des agents ou par des signaux colorés lumineux, les conducteurs doivent s'arrêter lorsqu’un piéton ou un cycliste marque son intention de s'engager sur le passage ou qu'il y est engagé. »