Fuengirola

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Spuenien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Fuengirola ass eng Stadgemeng an der spuenescher Regioun Andalusien. Si ass eng vun den 100 selbststännege Gemenge vun der Provënz Málaga.D'Stad Fuengirola huet 65.421 Awunner (Stand: 2007) op enger Fläch vun 10,17 km².

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Strand vu Fuengirola
Strandpromenade vu Fuengirola

Haut ass Fuengirola staark vum Tourismus markéiert. Déi iwwer zéng Kilometer lang Promenade laanscht d'Mier geet vu Carvajal am Oste bis zum „Beatriz-Palace-Hotel“ am Westen. . Op der ronn siwe Kilometer laanger Plage gëtt et vill Restauranten, meeschtens Fëschrestauranten.

Déi al Buerg Sohail op engem Hiwwel baussenzeg vun der Stad mat Bléck iwwer d'Bucht ass de Symbol vu Fuengirolas ginn. An der Buerg ginn dacks Concerten a Fiestaen ofgehalen. Am bannenzegen Deel rondrëm d'"Plazas“ an d'Kierchen, ass déi andalusesch Atmosphär erhale bliwwen. Jiddwer Dënschdeg gëtt e Maart ofgehalen, deen zu de gréisste vun der Costa del Sol zielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fuengirola – Biller, Videoen oder Audiodateien