Gérard Close

Vu Wikipedia

De Gérard Close, gebuer 1953 zu Houffalize, ass e belschen Organist deen och zu Lëtzebuerg aktiv ass.

Hien ass Laureat vum Conservatoire Royal de Musique vu Léck an der Uergel (beim Prof. Hubert Schoonbrodt) an an der Basstuba (beim Prof. G. Ackermans). En huet sech bei verschidde Mastercourse perfektionéiert, ënner anerem bei der Marie-Claire Alain, beim Lionel Rogg, beim André Isoir a beim Bernard Lagacé.

Hien huet Uergel op den Akademië vun Aywaille, vu Bertrix a vu Malmedy enseignéiert, éier hien Direkter zu Malmedy gouf. Zanter 1979 ass hien Organist vun der Mutin-Cavaillé-Coll-Uergel an der Abtei zu Klierf, als Nofollger (vun 1979 bis 1985 zesumme mam Carlo Hommel) vum bekannten Abteiorganist a -komponist Dom Paul Benoit. Hien enseignéiert och Uergel an der UGDA-Museksschoul vum Kanton Klierf.

Nieft der Uergel bléist de Gérard Close och nach d'Juegdhar.