Galaktescht Koordinatesystem

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'galaktescht Koordinatesystem ass eent vun de Koordinatesystemer, déi an der sphärescher Astronomie gebraucht ginn (kuckt Astronomesch Koordinatesystemer). Et ass hëllefräich fir d'Ënnersich vum Mëllechstroossesystem.

Bezuchsfläch vum galaktesche Koordinatesystem ass de Plang vun der Mëllechstrooss, Nullpunkt ass d'Sonn. D'galaktesch Längt l gëtt op dësem Niveau entgéint dem Auerzäresënn gemooss. D'galaktesch Breet b gëtt heizou senkrecht gemooss, no Norde positiv an no Süden negativ.

Am Joer 1958 goufen déi haiteg galaktesch Koordinaten international agefouert a mat den equatorialen Koordinaten (Bezunn op d'Bessel-Epoch B1950.0) vum galakteschen Nordpol mat \alpha = 12h 49min an \delta = +27,40° festgeluecht. D'galaktesch Längt gëtt vum galakteschen Zentrum aus \alpha = 17h 42.4min an \delta = −28,92° gezielt, de galakteschen Niveau ass ëm 62,6° géintiwwer dem Himmelsequator gebéit. Nom Festleeë vum galaktesche Koordinatesystem huet sech erausgestallt, datt den tatsächleche galakteschen Zentrum op der Plaz vun der Radioquell Sagittarius A* ongeféier 0,07° nieft dem Nullpunkt vun de galaktesche Koordinaten läit. Déi 1958 agefouert galaktesch Koordinate ginn trotzdeem weider gebraucht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie