Garde républicaine - Escadron motocycliste

Vu Wikipedia
Den Escadron motocycliste op der Porte-ouverte vun der Garde républicaine 2007 zu Paräis

Den Escadron motocycliste vun der franséischer Garde républicaine gouf 1952 gegrënnt, fir de President vun der Republik z'escortéieren. Ausser dëser Missioun ass en och soss nach bei verschiddene Séchertheetsmissiounen dobäi.

Spezifesch Missoune sinn ënner anerem, d'Escort vun Ambulanzen, vu besonneschem Material, a si gëtt bei groussen nationalen an internationale Vëloscourssen, wéi z. B. beim Tour de France agesat.

D'Unitéit besteet aus 98 Männer a Fraen, a si ass an der Kasär De Rose zu Dugny stationéiert.

D'Membere vum Escadron ginn no technesche Krittären erausgesicht a forméiert a mussen dofir eng Rei Tester matmaachen, no deene s'an d'école de formation motocycliste op Fontainebleau geschéckt ginn.

D'Schwadroun ass aus dräi Plettoen zesummegstallt, zu deenen och d'Akrobatenequipe gehéiert, an ee peloton hors rang dee Séchertheetsmissoune mécht dovun déi grouss Presidentenescorte. Dëse Pletto besteet aus 28 Motocyclisten.