Garlicks

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Garlicks am Januar 2006 am TNL

Garlicks war eng lëtzebuergesch Jazzband, déi 1997 vum Batteur Al Lenners, dem Bassist John Schlammes an dem Pianist Georges Urwald gegrënnt gouf. 1998 war aus dem Trio mat dem Gittarist Claude Pauly an dem Tenorsaxofonist Jitz Jeitz e Quintett ginn, deen ee Joer méi spéit mat der Actrice a Sängerin Sascha Ley zum Sextett ausgebaut gouf. 2001 hunn d'Sascha Ley an de Claude Pauly d'Band verlooss, déi vun do un als klasseschen Jazzquartett weidergeschafft huet. 2005 verléisst de Jitz Jeitz d'Band, déi vun do un erëm an hirer ursprénglecher Triobesetzung gespillt huet.

Garlicks huet op lëtzebuergeschen an europäeschen Jazzfestivallen, wéi och an den USA gespillt. Zanter 2007 huet sech den Trio virun allem op gréisser ugeluecht Konzeptprojete konzentréiert.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

Mutant Standards (2001)
Mosaiamo (2003)
Cold Rain (2005)
Live at L'Inoui (2007)