Geographie vu Spuenien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa a läit zesumme mat Portugal, Andorra a Gibraltar op der Iberescher Hallefinsel.

Et läit tëscht 36° an 43,5° nërdlecher Breet an 9° westlecher bis 3° ëstlecher Längt (ouni d'Balearen, d'Kanaren, Ceuta a Melilla) an huet eng Fläch vun 504.782 km², dovun eleng 499.542 km² u Land.

Am Nordoste grenzt Spuenien u Frankräich an Andorra am Westen u Portugal an am Süden u Gibraltar. Zu Spuenien gehéieren ausserdeem nach d'Balearen, d'Kanaresch Inselen an déi autonom Stied an Nordafrika Ceuta a Melilla. Ausserdeem gehéiere Spuenien nach a Frankräich d'Exklav Llívia an d'Inselen Islas Chafarinas, Peñón de Vélez de la Gomera, Alhucemas, Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéieregkeet vun der Péiterséileginsel ass tëscht Marokko a Spuenien net gekläert.

De nërdlechste Punkt vu Spuenien ass d'Estaca de Vares, de westlechste de Kap Toriñana, allen zwee a Galicien, de südlechsten ass d'Punta Marroquí bei Tarifa, den ëstlechsten de Cap de Creus. Déi gréisst Ausdehnung vun Norde bis Süden huet 856 km a vun Osten bis Westen 1.020 km.

Deen héchste Punkt ass Teide op 3.718 m an den déifsten ass den Atlantik op 0 m. De gréisste Floss ass den Tajo an de gréisste Séi ass de Lago de Sanabria.

D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid. Weider gréisser Stied sinn: Barcelona, Valencia, Sevilla, Saragossa a Málaga mat iwwer 500.000 Awunner.

Politesch Geographie

Déi spuenesch Provënzen

Spuenien ass administrativ a 17 autonom Gebidder agedeelt:

Dës autonom Gebidder sinn all a 50 Provënzen agedeelt.

Déi zwou autonom Stied sinn:

Klima

Haaptklimazonen a Spuenien

D'Klima a Spuenien kann een a fënnef grouss Klimazonen andeelen.

Geologie

Um Spaweck

Commons: Geographie vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien