Tajo

Vu Wikipedia
Den Tajo zu Toledo

Den Tajo, op Spuenesch Tajo [ˈtaxo̞], op Portugisesch Tejo [ˈtɛʒʊ], op Latäin Tagus an op Algriichesch Τάγος Tagos, ass de längste Floss op der Ibeerescher Hallefinsel. En huet eng Längt vun 1.038 km, a leeft duerch Spuenien a Portugal.

En entspréngt a Spuenien un der Quell Fuente de García an de Bierger Sierra de Albarracín op enger Héicht vu 1.593 m a leeft a Portugal zu Lissabon an den Atlantik.

Déi éischt 716 km leeft en a Spuenien, méi genee an den autonome Regiounen Aragonien, Kastilien-La Mancha, Madrid an Extremadura. Duerno mécht en op 47 km d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal a leeft dann do 275 km duerch d'Regiounen Alto Alentejo, Ribatejo an Estremadura bis op Lissabon.

Déi wichtegst Stied déi den Tajo passéiert sinn Aranjuez, Toledo an Talavera de la Reina a Spuenien, an Abrantes, Santarém a Lissabon a Portugal.

Säin Anzuchsgebitt huet am Ganzen 80.100 km². An deem Gebitt liewen 10 Millioune Leit. Dozou zielen Metropolregiounen Lissabon a Madrid.

D'Vasco da Gama Bréck iwwer den Estuaire vum Tago war mat 17.185 Meter eng Zäitchen déi längst Bréck vun der Welt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tajo – Biller, Videoen oder Audiodateien