Gotthilf Fischer

Vu Wikipedia
Gotthilf Fischer
Gebuer 11. Februar 1928
Plochingen
Gestuerwen 11. Dezember 2020
Weinstadt
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Dirigent, Chouerdirigent

De Gerhard Albert "Gotthilf" Fischer, gebuer den 11. Februar 1928 zu Plochingen, a gestuerwen den 11. Dezember 2020 zu Weinstadt, war en däitsche Chouer-Leeder, deen absënns am däitschsproochege Raum bekannt war fir d'Fischer-Chöre, déi hien opgebaut hat.

Hie war Autodidakt a konnt keng Noute liesen, ma hat e gutt Showatalent a Gefill, wat bei de Leit ukoum, a sou hat hie vun den 1960er Joren u mat senge Fischer-Chöre reegelméisseg Optrëtter op der däitscher Tëlee. En Héichpunkt war en Optrëtt, mat engem Chouer vun 1000 Sängerinnen a Sänger, bei der Ofschlosszeremonie vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 1974.

Mat de Fischer-Chöre ass hien och op Welttournee gaagnen, an hat ë. a. Optrëtter zu Roum, an an den USA.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]